Frente Nacional de Libertação de Angola

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) FNLA)
Fändel vum FNLA

D'Frente Nacional de Libertação de Angola (kuerz: FNLA; op Lëtzebuergesch: Nationalfront fir d'Befreiung vun Angola) ass eng politesch Beweegung an Angola, déi fir dem Land seng Onofhängegkeet vu Portugal a spéider ënnert dem Holden Roberto am Angolanesche Biergerkrich (1975-2002) gekämpft huet.

Si ass 1954 als União dos Povos do Norte de Angola (UPNA, Unioun vun Vëlker aus Nordangola) gegrënnt ginn an huet sech duerno União dos Povos de Angola (UPA, Unioun vun de Vëlker vun Angola) genannt. 1961 huet sech d'UPA mat dem Partido Democrático de Angola (PDA, Demokratesch Partei vun Angola) zesummegeschloss fir d'FNLA ze bilden.[1].

Wärend dem Biergerkrich huet d'FNLA géint d'Regierung vum MPLA gekämpft, mä nieft der UNITA - dem anere Géigner vum MPLA - ëmmer méi u Bedeitung verluer. Haut ass den FNLA eng politesch Partei. Wéinst internen Divergenze spillt d'Organisatioun keng grouss Roll an der angolanescher Politik.[1]

D'FNLA an hir Virgängerorganisatioune sinn ursprénglech och gegrënnt gi fir d'Interesse vun de Bakongo am Angola ze vertrieden[2].,[3].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: FNLA – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 (pt) Kuerz Presentatioun vum FNLA op dw.com (gekuckt den 18. Oktober 2017)
  2. http://wizi-kongo.com: Os Bakongo de Angola: A Nacionalidade na Fronteira (27. Februar 2017)
  3. Armin Wertz, Die Weltbeherrscher: Militärische und geheimdienstliche Operationen der USA, 1975-1990: Angola/Zaire (gekuckt den 8. November 2017)