Movimento Popular de Libertação de Angola

Vu Wikipedia
Fändel vum MPLA

De Movimento Popular de Libertação de Angola (kuerz: MPLA; op Lëtzebuergesch: Volleksbeweegung fir d'Befreiung vun Angola) ass eng politesch Partei am Angola. Si ass zënter dem Land senger Onofhängegkeet am Joer 1975 un der Muecht. Den MPLA ass als Rebellebeweegung entstanen, déi géint d'Portugise gekämpft huet. Spéider, wärend dem angolanesche Biergerkrich (1975-2002), huet si géint d'UNITA an d'FNLA gekämpft. Zënter der Onofhängegkeetserklärung 1975 stellt si de President vum Angola.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Grënnung an Antikolonialkrich[änneren | Quelltext änneren]

Offiziell gëllt den 10. Dezember 1956 als Grënnungsdatum vum MPLA.[1] Si ass aus der Fusioun vu verschiddene klengen antikolonialistesche Gruppéierungen entstanen; dem Partido de Luta Unida dos Africanos de Angola ("Partei fir de Vereente Kampf vun den Afrikaner vum Angola"), dem Movimento para a Independência de Angola ("Beweegung fir d'Onofhängegkeet vum Angola"), dem Movimento pela Independência Nacional de Angola ("Beweegung fir d'national Onofhängegkeet vum Angola") an dem Partido Comunista de Angola ("Kommunistesch Partei vun Angola").[1] An den 1960er an an der éischter Hallschent vun den 1970er huet si géint d'portugisesch Kolonialmuecht gekämpft.

Eng aner Beweegung, den FNLA, huet zu där Zäit och schonn Aktioune géint d'Portugise organiséiert. No e puer Tentativen ass et kloer ginn, datt den MPLA an den FNLA net matenee kompatibel waren. An den 1960er ass dunn nach eng drëtt Onofhängegkeetsbeweegung an Angola entstanen, d'UNITA.

Wärend där Zäit gouf et am MPLA och verschiddene grouss Streidereien. Dat huet schonn 1961 ugefaangen, wéi de Generalsekretär Viriato da Cruz den MPLA verlooss huet. Deemools huet den Agostinho Neto den MPLA geleet. Déi schlëmmst Kris huet sech awer Ufank der 1970er annoncéiert, wéi d'Beweegung sech an dräi Flilleke gespléckt huet, déi sou gutt wéi autonom waren: Revolta Activa ("Aktiv Revolt") a Revolta do Leste ("Revolt vum Osten"), déi vum Mário de Andrade, respektiv dem Daniel Chipenda geleet goufen a géint den Agostinho Neto waren, an Ala Presidencial ("Presidente-Flillek"), déi dem Agostinho Neto trei bliwwe war. De Konflikt ass 1974 iwwer eng Unifikatiounskonferenz am Nopeschland Sambia bäigeluecht ginn, déi awer mat sech bruecht huet, datt eng Rei Leit aus der Beweegung geheit goufen oder den MPLA spontan verlooss hunn.

Direkt no der Revolutioun a Portugal de 25. Abrëll 1975 hunn déi dräi angolanesch Onofhängegkeetsbeweegungen ugefaange sech géigesäiteg ze bekämpfen. Si hu separat d'Onofhängegkeet vum Land erkläert, ouni datt et en interne Friddensprozess gouf. Aus deem Konflikt ass d'MPLA als Gewënner ervirgaangen. Den Agostinho Neto ass vun der internationaler Communautéit als éischte President vun Angola unerkannt ginn.

Angolanesche Biergerkrich[änneren | Quelltext änneren]

1977 goufen et bannent der MPLA eng Rei Dissidenten, déi vum Nito Alves ugefouert goufen. Hien huet probéiert, e Putsch géint d'Parteiféierung an domat géint d'Regierung ze maachen. Dat ass awer net gelongen, well d'kubanesch Truppen, déi am Angola stationéiert waren, agegraff hunn an e Staatsstreech verhënnert hunn. Doropshin huet d'Parteiféierung eng bluddeg "Botz"-Aktioun gemaach, bei där Dausende vu Leit ëm d'Liewe komm sinn.

Op hirem éischte Kongress 1977 huet d'Partei entscheet, den Numm ëm den Zousaz Partido do Trabalho (PT, "Aarbechterpartei") z'ergänzen a sech an hire Statutten als marxistesch-leninistesch ze definéieren. An der Praxis huet d'Partei awer éischter de sozialistesche Modell suivéiert, an net de kommunisteschen. Den MPLA-PT huet Angola an engem Regime mat enger Eenheetspartei regéiert, dee vun de Staaten am europäeschen Ostblock inspiréiert war. Wéi Angola 1991 an den demokratesche Méiparteiesystem gewiesselt huet, huet den MPLA och seng formell marxistesch-leninistesch Doktrinn opginn an ass eng politesch Partei ginn, déi de sozialdemokratesche Diskurs mat staarken neoliberalen Tendenzen an der Praxis verbënnt.

1992 goufen et am Angola déi éischt Parlaments- a Presidentschaftswalen. Den MPLA krut déi meescht Stëmmen, mä bei der Presidentschaftswal krut den MPLA-Kandidat José Eduardo dos Santos am éischten Tour net déi absolut Majoritéit vun de Stëmmen. D'UNITA huet d'Walresultat net unerkannt an direkt eng nei Phas am angolanesche Biergerkrich ageleet.

Zënter 2002[änneren | Quelltext änneren]

Zéng Joer méi spéit ass de Krich endlech op en Enn gaangen. De 4. Abrëll 2002 hu Vertrieder vun der Regierung an der UNITA zu Luena e Friddensvertrag ënnerschriwwen. Domat goufen d'Konditioune geschaf, fir fräi demokratesch Walen am Angola. Si waren de 5. September 2008 a si friddlech Verlaf. Den MPLA krut mat 82% vun de Stëmmen d'absolut Majoritéit. De gréisste Géigner, d'UNITA, ass net emol op 10% komm. Generell sinn d'Walresultater unerkannt ginn. Bei den nächste Walen 2012 krut den MPLA zwar 10% manner Stëmmen, mä nach genuch fir eng qualifizéiert Majoritéit ze hunn. De José Eduardo dos Santos gouf domat als President vun der Republik bestätegt.

Bei de Walen 2017 ass den dos Santos net méi ugetrueden an den neien MPLA-Kandidat João Lourenço ass als President vum Angola gewielt ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: MPLA – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Offiziell Geschicht vum MPLA op der Websäit vun der Partei (gekuckt de 16. Juli 2017)