Luena (Moxico)
Luena | |
---|---|
D'Verwaltungsschoul zu Luena | |
Land | Angola |
Vewaltungseenheet | Moxico |
Awunner | 357.413 |
2014 | |
Fläch | ? |
Héicht | 1.350[1] |
Koordinaten |
11° 47’ 30.48’’ S 19° 54’ 22.32’’ O |
Telefonszon | 054 |
Websäit | / |
Luena ass eng Stad am Oste vun Angola an d'Haaptstad vun der Provënz Moxico. Wärend der portugisescher Kolonialzäit huet se Luso, respektiv Vila Luso geheescht.
Luso ass 1895 vum Lieutenant-Colonel Trigo Teixeira gegrënnt ginn a krut den 18. Mee 1956 Stad-Statut. 1975, wéi Angola onofhängeg ginn ass, krut se den neien Numm Luena, benannt no engem Waasserlaf südlech vun der Stad.[1]
Mat enger duerchschnëttlecher Altitude vun 1.350 Meter falen zu Luena ronn 1.200 mm Reen d'Joer.[1] Am Schnëtt läit d'Temperatur bei 21 Grad Celsius.[1]
2017 hunn zu Luena Schätzungen no 390.707 Awunner gewunnt, dovun 183.845 Fraen.[2] D'Stad setzt sech aus ënnerschiddlechen ethnesch-linguistesche Gruppen zesummen, dorënner Côkwe (déi gréisst Grupp), Luvale, Ovimbundu, Bundas, Luchazes a Lunda Dembo.[1]
Luena läit un der Benguelabunn tëscht Huambo am Zentrum vum Land a Luau bei der Grenz mam Kongo. De Fluchhafen vu Luena huet den IATA-Code LUO.
De laangjäregen UNITA-Leader Jonas Savimbi läit zu Luena begruewen.[3]
Biller[änneren | Quelltext änneren]
-
D'Kierch Igreja do Sacalumbo Nossa Senhora das Vitórias
-
Den Instituto Médio de Administração e Gestão
-
De Gaart vum Gouverneurspalast
-
De Fluchhafe vu Luso, dem haitege Luena, 1975
Commons: Luena – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Agëncia Angola Press: Cidade do Luena existe há 61 anos (18. Mee 2017)
- ↑ Zitéierfeeler: Ongëlteg
<ref>
Markéierung; et gouf keen Text ugi fir d'Referenze mam Nummpop
- ↑ Mail & Guardian: Jonas Savimbi's tomb vandalised, says Unita (23. Januar 2008)