Huambo

Vu Wikipedia
Huambo
Haiser kuerz nom Enn vum Biergerkrich (2002)
Land Angola
Vewaltungseenheet Provënz Huambo
Awunner 665.564
  2014; 2019
Fläch 2.609
Héicht 1.701
Koordinaten 12° 46’ 00’’ S
      15° 44’ 00’’ O
Websäit /

Huambo ass eng Stad am Zentrum vum Angola an d'Haaptstad vun der Provënz mam selwechten Numm.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Huambo läit am Héichland vu Bié am Zentrum vum Angola op enger Héicht vun ongeféier 1.700 Meter.[1] D'Regioun bitt vill natierlech Ressourcen an e wäitleefegt hydrologescht Netzwierk. Dat temperéiert Klima ass favorabel fir landwirtschaftlech Aktivitéiten.[2]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 21. August 1912, wärend der portugisescher Kolonialzäit, ass d'Stad op Uerder vum Héije Kommissär Generol Norton de Matos gegrënnt ginn.[2] 1928 krut d'Uertschaft den Numm Nova Lisboa ("Neit Lissabon"), dee si bis zur Onofhängegkeet 1975 hat[2]. Den Numm Huambo kënnt vum Wambo Kalunga, dem Grënner vum Wambo-Räich[2].

Virun der Onofhängegkeet huet Huambo eng wichteg wirtschaftlech, industriell a landwirtschaftlech Roll am Angola gespillt. D'Stad war och en akadeemeschen Zentrum, besonnesch an de Beräicher vun der landwirtschaftlecher Fuerschung an der Veterinärmedezin. Déi historesch bedeitend Benguelabunn ass vu Lobito um Atlantik duerch Huambo an déi haiteg Demokratesch Republik Kongo gefuer. Wéinst senger strategescher Lokalisatioun war zu Huambo virum Biergerkrich am Angola ee vun de gréissten Ateliere fir Zich ze reparéieren an Afrika.[1]

Wärend dem joerzéngtelaange Biergerkrich (1975-2002) ass d'Infrastruktur vun Huambo staark beschiedegt ginn. Zënterhier si vill Stroossen, Schoulen, Spideeler a Schinnen nees reparéiert oder neigebaut ginn.[1][2]

Déi ëffentlech Universidade José Eduardo dos Santos huet hire Sëtz zu Huambo.

Awunner[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng huet eng Fläch vun 2.609 km² an ass domat e bësse méi grouss wéi d'Groussherzogtum Lëtzebuerg. 2017 gouf hir Bevëlkerung op 788.908 Awunner geschat, dovu 408.908 Fraen.[3] 2024 soll se Projektiounen no 999.605 Awunner hunn.[4] D'Majoritéit vun der Bevëlkerung sinn ethnesch Ovimbundu.[2]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Huambo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Encyclopædia Britannica: Huambo (gekuckt den 13. Oktober 2017)
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 Beschreiwung vun Huambo um Site vun der União das Cidades Capitais de Língua Portuguesa (gekuckt de 14. Oktober 2017)
  3. Zitéierfeeler: Ongëlteg <ref> Markéierung; et gouf keen Text ugi fir d'Referenze mam Numm pop
  4. "Projecção da População da Província do Huambo, 2014-2050", Quadro 41 - População projectada por municípios, segundo o sexo, 2023-2024, Editioun 2016, Säit 58, erofzelueden hei