Ovimbundu

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Déi verschidde Volleksgruppen am Angola während der Kolonialzäit (1970), virum angolanesche Biergerkrich (1975-2002)

D'Ovimbundu (Eenzuel: Ocimbundu; Adjektiv: Umbundu) sinn déi gréisst Volleksgrupp am Angola. Si stellen ongeféier een Drëttel vun der Bevëlkerung vum Land a schwätzen Umbundu.

Ursprénglech sinn et Bantu, déi aus dem Norden am Angola komm sinn. Si hu sech am zentralen Héichland vum Angola néiergelooss an no an no och déi ugrenzent Küst besidelt. Dobäi hu si méi kleng Volleksgruppen, déi eng aner Hierkonft haten, assimiléiert.

Während dem Kampf fir d'Onofhängegkeet an haaptsächlech während dem angolanesche Biergerkrich waren d'Ovimbundu d'Haaptsupporterbasis vun der União Nacional para a Independência Total de Angola (UNITA), déi fir d'éischt géint d'Portugisen a spéider géint de rivaliséierende Movimento Popular de Libertação de Angola (MPLA) gekämpft huet.

Wéinst dem Krich hu vill Ovimbundu hir Ursprongsgéigend verlooss a sinn an aner Regiounen a Stied am Angola geflücht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ovimbundu – Biller, Videoen oder Audiodateien