Benguelabunn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Streck vun der Benguelabunn

D'Benguelabunn (op Portugisesch: Caminho de Ferro de Benguela oder CFB) ass eng Eisebunnsstreck an Angola. Si geet vu Westen no Osten a verbënnt den Atlantikhafe vu Lobito (Provënz Benguela) mat Luau (Provënz Moxico) op der Grenz mat der Demokratescher Republik Kongo.

De Bau vun der Benguelabunn ass 1899 vun der portugisescher Kolonialmuecht lancéiert gi fir e besseren Zougank zum Hannerland an op d'Ressourcen am deemolege Belsche Kongo (der haiteger Demokratescher Republik Kongo) ze hunn. Während dem angolanesche Biergerkrich (1975-2002) ass d'CFB schwéier beschiedegt ginn. Vun 2006 bis 2014 ass si vun der staatlecher chinesescher China Railway Construction Corporation nei opgebaut ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Benguelabunn – Biller, Videoen oder Audiodateien