Jonas Savimbi

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Jonas Savimbi a sengem Haaptquartéier
De Jonas Savimbi empfängt 1989 a sengem Haaptquartéier Membere vum Europaparlament, riets am Bild den Ernest Mühlen.
Kaddo vum Jonas Savimbi fir seng Gäscht, an den Ateliere vu sengem Haaptquartéier gemaach

De Jonas Savimbi, 1934 an der angolanescher Provënz Bie gebuer, den 22. Februar 2002 am Gefecht erschoss, war en angolanesche Leader.

Säin ursprénglechen Numm war Jonas Malheiro Savimbi. Hie war de Grënner vun der UNITA, enger Organisatioun, déi fir déi total Onofhängegkeet vun Angola haart an zéi gekämpft huet, ee véirel Joerhonnert laang, bis zum Doud vum Savimbi.

Säi Papp war protestantesche Paschtouer. Op Grond vu senge geeschtegen Talenter huet de Jonas eng Bourse kritt, déi him et erlaabt huet, fir 1960 op Lissabon ze goen, fir do Medezin ze studéieren. Duerno ass hien an d'Schwäiz gaangen, an zwar op Lausanne, an huet do op der Universitéit politesch Wëssenschafte studéiert. Do kritt hien den Doktortitel an de politesche Wëssenschaaften. A China huet hie sech duerno an der Guerillapraxis initiéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Loiseau, Yves & de Roux, Pierre-Guillaume: Portrait d'un révolutionnaire en général: Jonas Savimbi, 1987, Table ronde, 276 Säiten. D'Buch baséiert op ville Gespréicher mam Savimbi, a gëtt seng Iddien a Virstellungen däitlech erëm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]