Fairchild K-20 Loftbildfotoapparat

Vu Wikipedia

De Fairchild K-20 Loftbildfotoapparat ass e Fotoapparat, dee fir militäresch Zwecker vu Fairchild entwéckelt, a vu Folmer Graflex zu Rochester tëscht 1941 an 1945 gebaut gouf.

De K-20 war dee wichtegste Fotoapparat vun der USAF am Zweete Weltkrich.

Den Apparat huet mat Rollfim vu 4x5 " funktionéiert. D'Objektiv hat eng Brennwäit vu 6 3/8 " an eng Blend vu 4,5, déi variabel war. D'Objektiver koume vu Kodak, vun Ilex oder vu Bausch & Lomb.

Et goufen der eng 15.000 fabrizéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]