Fallwëld

Vu Wikipedia

Fallwëld ass doudegt Wëld, dat net vum Jeeër geschoss gouf, mä dat duerch natierlech Ursaache wéi Alter, Krankheeten oder Ënnerernierung agaangen ass. Dozou gehéieren och déi Déieren, déi bei all Zorte vun Accidenter ëmkommen, wéi zum Beispill bei Autosaccidenter.

Wann et sech ëm Grousswëld handelt, da muss et, ier et transportéiert gëtt, mat enger spezieller Wëldmark gezeechent ginn.