Op den Inhalt sprangen

Fanger

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Fangere vun enger lénkser Hand vum Mënsch:
1: Daum (pollex)
2: Zeigefanger (index)
3: Mëttelfanger (digitus medius)
4: Réngfanger (digitus anularis)
5: klenge Fanger (digitus minimus)
D'Schanken an der mënschlecher Hand (op Däitsch a Latäin).

E Fanger (lat.: digitus manus) ass eng vu fënnef Extremitéiten un der Hand.

D'"Fangere" vun den ënneschten Extremitéite sinn d'Zéiwen.

D'Entwécklung vum Fanger war e Sprong an der Evolutioun, déi et de Liewewiese mat Fangeren erméiglecht huet, Géigestänn ze gräifen an ze manipuléieren.

Beim Mënsch besti véier vun de fënnef Fangeren aus jee dräi Schanken. Déi Schanke sinn de phalanx proximalis, de phalanx media an de phalanx distalis. Nëmmen den Daum huet zwou Schanken. Gelenker verbannen déi Schanke mateneen a mat der Mëttelhandschank (ossa metacarpi). Den Daum vum Mënsch ass dobäi besonnesch, well en duerch d'Aart a Weis, wéi en opgebaut ass, eng Oppositiounsstellung géigeniwwer den anere Fangeren erlaabt.

D'Fangeren beweege sech, mat Ausnam vum Daum, duerch d'Wierkung vu Seenen, déi un de Muskelen am Ënneraarm an anere klenge Muskelen, déi un de Fangeren hänke, verbonne sinn. D'Fangere selwer hu keng Muskelen. Den Daum gëtt duerch Muskelen an der Handfläch beweegt, déi mat der éischter Mëttelhandschank verbonne sinn.

  • Polydaktylie: eng Anomalie, bei där ee méi wéi fënnef Fanger huet.
Commons: Fangeren – Biller, Videoen oder Audiodateien