Federico Franco

Vu Wikipedia
Federico Franco
Gebuer 24. Juli 1962
Asunción
Nationalitéit Paraguay
Aktivitéit Politiker, Chirurg

De Luis Federico Franco Gómez, gebuer den 23. Juli 1962 zu Asunción, Paraguay, ass ee paraguayesche Politiker, Dokter a war vum 22. Juni 2012 bis de 15. August 2013 Staatspresident vum Paraguay.

De Franco huet op der Medezinescher Fakultéit (Facultad de Ciencias Médicas) vun der Universidad Nacional de Asunción (UNA) fir Dokter studéiert, mat Spezialisatioun an der Chirurgie an als Internist. Duerno huet hien am Sanatorio Franco an der Stad Fernando de la Mora, deen him a senge Bridder gehéiert, geschafft.Méi spéit hat en Direktiounsfonctiounen am Hospital de Clinicas an am Hospital Nacional.

Hien ass Member a President vun de Partido Liberal Radical Auténtico (PLRA) a war fir déi vun 1991 bis 1996 als Gemengerot.Vun 1996 bis 2001 war en Intendente vun der Stad Fernando de la Mora. 2003 bis 2007 war e Gouverneur vum Departamento Central, ass awer vun deem Posten zeréckgetrueden, wéinst senger Kandidatur bei de Walen, bei deene seng Partei dem Fernando Lugo seng Partei ënnerstëtzt hat. Si hate Succès bei der Wal; 2008 gouf de Lugo President an de Franco de Vizepresident vu Paraguay.

Nodeem de Lugo vum Parlament ofgesat gi war, gouf de Federico Franco den 22. Juni 2012 als neie Staatspresident vu Paraguay vereedegt. Am Abrëll 2013 si regulär Wale geplangt.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Federico Franco – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Neue Zürcher Zeitung: Präsident Lugo vom Parlament abgesetzt, 23. Juni 2012.