Fernando Lugo

Vu Wikipedia
Fernando Lugo
Gebuertsnumm Fernando Armindo Lugo
Gebuer 30. Mee 1951
Nationalitéit Paraguay
Educatioun Gregorianesch Peepstlech Universitéit
Aktivitéit Politiker, Soziolog, kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof

De Fernando Armindo Lugo Méndez, gebuer den 30. Mee 1951 zu San Solano, am Bezierk San Pedro del Paraná, am Bundesstaat Itapúa, Paraguay, ass e paraguayesche Politiker an e réimesch-kathoulesche Bëschof.

De Lugo gouf 1969 Schoulmeeschter an en huet vun 1970 u Schoul gehalen. De 15. August 1977 ass hie Geeschtleche ginn als Missionnaire vun der Steyler Mission an hie gouf 1994 Bëschof vu San Pedro, der äermster Géigend vu sengem Land.

Well hie wollt an d'Politik goen, ass en 2005 als Bëschof zeréckgetratt, an en huet den Hellege Stull gebieden, hien an de Laiestand zeréckzesetzen. Déi vatikanesch Kongegratioun fir Bëscheef huet him confirméiert, datt hie Kleriker bleift, se huet him awer net erlaabt, Bëschof oder Geeschtlechen ze sinn.

Seng Wuerzelen hat de Lugo schonn als Bëschof an der Befreiungstheologie. Hie setzt sech a fir eng Landreform, an eng Ëmverdeeleng vu Grond a Buedem.

Fir d'Presidentewale vum 20. Abrëll 2008 war hien de Kandidat vun der Alianza Patriótica para el Cambio (APC), der "Patriotescher Allianz fir de Changement". Mat knapps 41 % vun de Stëmmen huet hien d'Wal kloer gewonnen. Dobäi hat hien iwwer 10 % méi Prozentpunkte wéi d'Blanca Ovelar, déi fréier Bildungsministerin, déi Kandidatin vun der Colorado-Partei war, déi zanter 61 Joer um Rudder war. D'Bedeelegung bei deene Wale war 65 %.

Den 20. Juni 2012 gouf him duerch d'Parlament d'Vertrauen entzunn; neie President gouf de Federico Franco.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fernando Lugo – Biller, Videoen oder Audiodateien