Felipe VI. vu Spuenien

Vu Wikipedia
Felipe VI. vu Spuenien
Titelen
Kinnek vu Spuenien
Zäit zanter dem 19. Juni 2014
Virgänger Juan Carlos I.
Biographie
Gebuer 30. Januar 1968
Madrid
Papp Juan Carlos I. vu Spuenien
Mamm Sofia vu Griicheland


De Felipe VI., gebuer als Felipe Juan Pablo Alfonso de Todos los Santos de Borbón y de Grecia den 30. Januar 1963 zu Madrid, ass zanter dem 19. Juni 2014 Kinnek vu Spuenien.

Hien ass dat drëtt Kand vum Kinnek Juan Carlos I. vu Spuenien an der Kinnigin Sophia. Well déi spuenesch Trounfolleg de männleche Kanner Prioritéit gëtt, gouf hie viru senge méi ale Sëschteren, den Intfantinnen Elena (1963) a Cristina (1965), de Krounprënz vu Spuenien.

De Felipe krut den 1. November 1977 den Titel Prënz vun Asturien. Hien huet tëscht 1985 an 1988 eng Militärausbildung gemaach a krut an der Infanterie, der Marinn an der Loftarméi héich Ränk. Tëscht 1988 an 1993 huet hien op der Universitéit vu Madrid Ekonomie studéiert. Tëscht 1993 an 1995 huet hien e Master degree op der Georgetown Universitéit zu Washington D.C. gemaach.

Als Krounprënz hat hie verschidden ëffentlech Funktiounen, ë. a. fir bei Handelsmissioune vu Regierungsmembere fir d'Wirtschafts- an Handelsrelatioue mat Spuenien anzetrieden, hien trëfft reegelméisseg Vertrieder vu Politik, Ekonomie a Wëssenschaft, asw.

Hien huet den 22. Mee 2004 d'Journalistin Letizia Ortiz Rocasolano bestuet. D'Koppel huet 2 Kanner: d'Infantinne Leonor (2005) a Sofía (2007).

Den 19. Juni 2014 gouf hien, nodeem säi Papp de Juan Carlos I. deen Dag virdrun ofgedankt hat, zum neie Kinnek vu Spuenien ernannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Felipe VI. vu Spuenien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]