Ferdinand Marcos

Vu Wikipedia
Ferdinand Marcos
Gebuer 11. September 1917
Gestuerwen 28. September 1989
Honolulu
Doudesursaach Niereversoen
Nationalitéit Philippinnen
Aktivitéit Politiker
Famill
Bestuet mat Imelda Marcos
Kanner Ferdinand Marcos Jr.

De Ferdinand Edralin Marcos, gebuer den 11. September 1917 zu Sarrat, an der Provënz Ilocos Norte, a gestuerwen den 28. September 1989 zu Honolulu, op Hawaii, war vum 30. Dezember 1965 bis de 25. Februar 1986 den zéngte President vun de Philippinnen, vun 1972 un op eng diktatoresch Manéier.

Hien huet sech als Alliéierte vun de USA opgebaut, an deenen hir Ostasien-Politik ënnerstëtzt. Ë. a. huet hien 1966 bis 1969 ronn 2000 philippinnesch Zaldoten an de Vietnamkrich geschéckt fir d'Amerikaner z'ënnerstëtzen.

Vun 1970 koum et ëmmer nees zu Onrouen, ufanks vu Studenten, dunn a Form vun Explosiounen, déi de Marcos lénkse Gruppéierungen ugehaangen huet, déi awer méiglecherweis vu Provokateure vun der Regierung gemaach goufen. Den 21. September 1972 huet de Marcos den Ausnamezoustand proklaméiert, huet eng 30.000 Leit aspäre gelooss (dorënner Oppositioneller, Studenten, Journalisten a Gewerkschaftler) an de Kongress, d'Parlament, ofgesat. Vun do un huet hie mat Presidentendekreter regéiert. Méi spéit huet hien och nach d'Krichsrecht ausruffe gelooss.

An de Joren dono huet d'Wirtschaft sech zwar erholl, ma déi Monopoler déi nei geschaf goufen, nodeems déi al Entreprisen enteegent gi waren; waren ewell all an der Hand vu Frënn oder Famill vum Marcos, dee sou Joer fir Joer -zeg Milliounen US-Dollar op geheime Konten am Ausland iwwerwise krut. Hie gëtt, nom Suhartu, a virum Mobutu, als deen zweetkorruptste Politiker zënter den 1970er ageschat.

Den 21. August 1983 gouf de prominente Marcos-Kritiker Benigno Aquino, Jr. (1932–1983) zu Manila erschoss. Millioune Leit ware bei sengem Trauercortège derbäi. Seng Wittfra Corazón Aquino gouf zu der Symbolfigur vun der Oppositioun an hat grousse Support am Vollek.

Wéinst dem Drock vun der Oppositioun huet de Marcos Enn 1985 virgezunnen Neiwalen ausgeruff, déi de 7. Februar 1986 organiséiert goufen. D'Corazon Aquino war déi wichtegst Géigekandidatin. Obwuel Observateure massive Walbedruch festgestallt hunn, gouf de Marcos de 15. Februar zum Vainqueur ausgeruff.

De Verdeedegungsminister Juan Ponce Enrile an de Vizechef vun der Arméi, de Generol Fidel Ramos, hunn de Marcos zum Récktrëtt opgefuerdert a sech a Militärbase verschanzt. Honnertdausende vu Leit hu sech an den Deeg dono dem Ruff nom Récktrëtt vum Marcos ugeschloss an op der EDSA-Avenue protestéiert. De Marcos hat bei deem als EDSA-Revolutioun bekannten Opstand um Enn keng aner Wiel, wéi d'Land ze verloossen, an ass zesumme mat senger Fra Imelda an d'Vereenegt Staate vun Amerika, op Hawaii, an den Exil gaangen.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ferdinand Marcos – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Homage to Imelda's shoes." BBC News 16. Februar 2001.