Ferkel (Film)

Vu Wikipedia
Ferkel
Film
Produktiounsland Däitschland
Produktiounsjoer 1998
Première 11. Februar 1999
Dauer 3 min.
Faarf Faarweg
Format 1,66:1
Filmformat 35 mm
Originalsprooch ouni Dialog
Ekipp
Regie Luc Feit
Dréibuch Marcus Sauermann[1]
Fotografie Kolja Brandt
Schnëtt Corina Dietz
Produzent Jost Hering, Luc Feit
Produktiouns-
gesellschaft
Jost Hering Filmproduktion
Schauspiller
Christoph Marti: Mann
Tobias Bonn: Mann an Handschellen
Andreja Schneider: al Fra
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ferkel ass e Kuerzfilm vum lëtzebuergesche Schauspiller a Regisseur Luc Feit aus dem Joer 1999.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Zwéi jonk Männer hu Sex, mee eng al Fra am Zëmmer niewendrun mécht alles, fir deem en Enn ze setzen.

Filmproduktioun a -promotioun[änneren | Quelltext änneren]

Ferkel ass dem Luc Feit säin éischte Film als Regisseur. Am Film gëtt net geschwat, mä et héiert een d'Lidd Das kannst du mir nicht verbieten, en alen däitsche Schlager vum Bernd Spier aus dem Joer 1963.

De Film hat seng Première den 11. Februar 1999 op der Berlinale. Do krut en de Spezialpräis vun der Teddy-Jury, déi déi bescht LGBT-Filmer priméiert huet.[2] E gouf och op anere Filmfestivalle gewisen, dorënner op deene vu Jerusalem, Seattle, Melbourne a Lissabon. Am Ganzen ass e weltwäit op 47 Filmfestivallen gelaf.

Den englesch Titel ass Piglets.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. internationalcinemareview.blogspot.com: Luc Feit and Marcus Sauermann | Ferkel (Piglets)
  2. gouvernement.lu: Luc Feit ist Luxemburgs Shooting Star auf der Berlinale 2002 (30. Januar 2002)