Fichier Diskussioun:Personenstand.jpg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Franséisch Versioun?[Quelltext änneren]

Ass et dovun eng franséisch Versioun ginn? --Jwh 21:03, 10. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Dat wier mer nei. Ech hunn nach néierens eng franséisch Versioun vum Froebou gesinn, an 't giff mech wonneren, datt d'preisesch Verwaltung géint hir eege Prinzipie verstouss hätt, andeems se en offiziellt Schreiwes an der "Sprache einer verniggerten Nation", wéi se d'Franséisch op Plakater genannt hunn, an deer hire Gebrauch verbuede war, un d'Stéit ausgedeelt hätt. --Zinneke 23:57, 11. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]
Dat berouegt mech, dann änneren ech hinnen dat mol... --Jwh 10:10, 12. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Wou ass dat doten Dokument opbewahrt? --Corto lu (Diskussioun) 08:38, 10. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Dat hei konkret hat ech eng Kéier aus engem Artikel am Wort ofgeknipst (et misst de Joresdag 1991 gewiescht sinn). Originaler si sécherlech am Nationalarchiv ze fannen (souwäit ech weess, huet nach keen iwwerpréift, op et wierklech "iwwer 90%" waren, déi mat 3x Lëtzebuerg" geäntwert hunn). --Zinneke (Diskussioun) 08:50, 10. Mee 2012 (UTC)[äntweren]