Flavius Arrianus

Vu Wikipedia
Flavius Arrianus
Gebuer 89
Nikomedia
Gestuerwen 175
Athen
Nationalitéit Réimescht Räich
Aktivitéit Historiker, Politiker, Philosoph, Militär, Schrëftsteller
Alexandri anabasis, 1575

De Flavius Arrianus, gebuer ëm 92, a gestuerwen ëm 175, war e réimeschen Historiker aus Nikomedeia a Bithynien, eng réimesch Provënz a Klengasien.

Als Member vum Senatorestand huet hien an der réimescher Verwaltung ënner dem Keeser Hadrian geschafft. Ausserdeem war hie Statthalter vu Kappadokien.

Ugefaange mat Schreiwen huet den Arrianus kuerz virum Doud vum Hadrian. Genee wéi säi Virbild de Xenophon huet hien an einfachem atteschem Stil eng Partie Wierker geschriwwen, gréisstendeels historescher. Vu senge Wierker ass eis Alexandrou Anabasis (iwwer den Alexanderfeldzuch) an Indike (iwwer Indien) erhalen. Weider Schrëften, déi allerdéngs verluer gaange sinn, handele vun den Diadochen, de Parther a Bithynien.

Well eis en zäitgenëssescht Wierk zum Alexander feelt, zielt dem Arrianus seng Alexandergeschicht nieft dem Curtius Rufus, dem Diodor, dem Justinus Trogus an dem Plutarch zu de wichtegsten an zouverlässegste Quellen iwwer den Alexander de Groussen. Dem Arrianus seng Alexandergeschicht besteht aus siwe Bänn a gouf an engem niichterne Stil geschriwwen. Seng Quelle waren de Kleitarch an de Ptolemaios I., déi allebéid de Feldzuch matgemaach hunn an doriwwer geschriwwen hunn.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Arrian: Der Alexanderzug / Indische Geschichte., Artemis Verlag, 1985, Sammlung Tusculum, Griichesch an Däitsch
  • Arrian: Alexanders des Großen Siegeszug durch Asien (Meisterwerke der Antike), iwwersat vum W. Capelle, Zürich 1950
  • N.G.L. Hammond, Sources for Alexander the Great. An Analysis of Plutarch's Life and Arrian's Anabasis Alexandrou, Cambridge University Press, Cambridge Classical Studies, 1993

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Flavius Arrianus – Biller, Videoen oder Audiodateien
Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.