Fligel (Schach)
Ausgesinn
Dammefligel a Kinneksfligel si Begrëffer aus dem Schachspill, woubäi d'a-, d'b- an d'c-Linn den Dammefligel an d'f-, d'g- an d'h-Linn de Kinneksfligel bilden. Ugrëffer op enger Flank ginn deementspriechend als Kinneks- oder Dammefligelugrëffer bezeechent.
An der Schachtheorie ass dës Ënnerscheedung vu grousser Bedeitung, well Ugrëffer um Dammefligel, déi heefeg als Zil hunn, Raumgewënn fir d'Ëmwandlung vun engem Bauer ze erlaangen, meeschtens ënner ganz anere Viraussetzunge lafe wéi Ugrëffer um Kinneksfligel, déi meeschtens direkt géint de géigneresche Kinnek geriicht sinn an en taktesche Schluss als Zil hunn.