Florence Kraus

Vu Wikipedia

D'Florence Kraus, gebuer den 10. Mee 1982 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Multi-Saxophonistin, Scenografin a bilden Kënschtlerin, déi zu Paräis lieft a Carrière mécht. Si huet zu Paräis op der École nationale supérieure des arts décoratifs Konscht studéiert an ass doriwwer eraus diploméiert Klassik- an Jazzmusekerin. D'Kënschtlerin kombinéiert hir Interessensfelder a Soundinstallatiounen, Filmconcerten oder beim Bau vu Museksinstrumenter aus Recyclingmaterial oder zweckentfriemt Objeten.[1]

Museksformatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • SHANTEL & Bucovina Club Orkestar (Balkan-Rock)
  • Grizz-Li (Brassband Pop-Rock)
  • Cumbia Ya (World, Kolumbien)
  • NEW la comédie musicale improvisée
  • Orkestronika
  • Bim Bam Orchestra
  • Trioman Orchestri
  • Urban Sax
  • Nymphonik Orchestra

CDen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2014: La Mecanica Del Porro (Cumbia Ya!) - Taramba Production (TRB3521)
  • 2017: Break Your Border (Bim Bam Orchestra) - Mud Club
  • 2018: Grizz-Li Electric Bearland - Label Tanière (GRZEB2017)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Spigarelli, I., 2021. Musikalisches Tête-à-Tête. Rubrik Jazz. Woxx Agenda 15/01-24/01/2021, S. 2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

https://www.florencekraus.com

  1. Quell: Spigarelli 2021 an der Literatur.