Fondation Servais pour la littérature luxembourgeoise

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Fondation Servais)
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Fondation Servais pour la littérature luxembourgeoise, kuerz Fondation Servais genannt, ass eng Fondatioun ouni Gewënnzweck där hiren Zweck an Zil et ass fir déi lëtzebuergesch Literatur ze fërderen, andeems se déi literaresch Fuerschung an hir Verëffentlechung ënnerstëtzt, Colloquen iwwer Literatur initiéiert an op eng allgemeng Manéier d'Wësse vun der Literatur ënner d'Leit bréngt.

D'Fondation Servais gouf den 1. Juni 1989 op Basis vun enger Privatinitiativ gegrënnt an duerch groussherzoglechen Arrêté vum 28. September 1994 als Fondatioun ouni Gewënnzweck unerkannt.

Zanter 1992 vergëtt d'Fondation Servais de Prix de la fondation Servais an zanter 2000 de Prix d'encouragement de la fondation Servais

De Conseil[änneren | Quelltext änneren]