Op den Inhalt sprangen

Fondation EME

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Fondatioun EME)
Fondation EME

D'Fondatioun EME - „Écouter pour Mieux s'Entendre“ ass eng lëtzebuergesch Stëftung, déi den 21. Januar 2009 gegrënnt gouf. Et ass eng „Fondation d'utilité publique“, déi benodeelegte Leit, déi normalerweis aus dem kulturelle Liewen ausgeschloss sinn, en Zougank zu der Musek bidde wëll.

D'Ziler vun der Fondatioun sinn:

  • sozial Barriären iwwerwannen, fir benodeelegte Leit e besseren Zougank zu kulturellen Aktivitéiten ze bidden;
  • Leit, déi keng Méiglechkeet hunn, an e Concert ze goen, um kulturelle Liewen deelhuele loossen, zum Beispill duerch Projeten a Klinicken, Altersheemer oder Prisongen;
  • duerch speziell Workshoppen d'Kreativitéit vun all Eenzelen entwéckelen;
  • Concerten „op Mooss“ organiséieren, déi un d'Bedürfnisser vun de jeeweilege Participanten ugepasst sinn.

Hei e puer Beispiller vu scho realiséierten oder geplangte Projeten:

  • BLUE: en interaktive Projet, deen all d'Sënner uschwätzt an extra fir Mënsche mat engem Polyhandicap oder vun Autismus betraffe Participante geduecht ass. BLUE gouf vun der englescher Theatergrupp Oily Cart kreéiert an an der Philharmonie zu Lëtzebuerg vu lëtzebuergesche Kënschtler opgefouert.[1]
  • eng ganz Rei Concerten op de Palliativstatiounen an diverse lëtzebuergesche Klinicken an a Fleegeheemer.
  • eng Aféierung an d'Musek an d'Formatioun vun enger Blues-Band zu Schraasseg am Prisong. De Projet hält op mat enger Rei vu Concerte fir déi aner Prisonéier an hir Famillen.[2].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Le Jeudi, Blue émeut, Sylvie Martin, 5 juin 2009.
  2. Revue, Blues hinter Gittern, Tina Noroschadt, 16 décembre 2009