Op den Inhalt sprangen

Fondation Paul Finet

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Fondatioun Paul Finet)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Fondation Paul Finet

D'Fondatioun Paul Finet, ass eng Stëftung fir d'allgemengt Wuel, déi vun der Héijer Autoritéit vun der CECA no Lëtzebuerger Recht geschaf gouf an den Numm vum belsche Gewerkschaftler Paul Finet dréit.

Dat ass geschitt, fir seng grouss Verdéngschter am soziale Beräich ze honoréieren. De Grond war dat tragescht Ongléck an der Kuelegrouf Marienthal an der Saar 1962, bei dem 299 Aarbechter ëm d'Liewe komm sinn, a puer honnert Kanner hire Papp verluer hunn. D'Fondatioun hat an huet als Zweck, all dës Kanner, wéi och aner Affer vun Accidenter a Beruffskrankheeten, am Beräich vun der Montanunioun z'ënnerstëtzen. Si gëtt geréiert vun engem Verwaltungsrot ënner dem Virsëtz vum EU-Kommissiounsmember, dee fir d'Sozialfroen zoustänneg ass.