Ford T

Vu Wikipedia

De Ford T war en Autosmodell, dee vun 1908 bis 1927 vun der Ford Motor Company gebaut gouf.

Nodeem den Henry Ford 1903 d'Ford Motor Company gegrënnt hat, huet seng Firma probéiert, en Auto ze produzéieren, dee sech sou vill Leit wéi méiglech kafe kéinten. Ee Joer drop gouf um Eck vun der Piquette an der Beaubien Strooss zu Detroit e Gebai opgeriicht fir un deem Projet ze schaffen. Se hu mam Ford A ugefaangen, awer déi meescht ware Prototyppen. De Virleefer vum Modell T war de Modell S, dee virum T der Firma hire meeschtverkaaften Auto war.

Um Fléissband[änneren | Quelltext änneren]

Ee vum Ford senge Leit, de William C. Klann huet sech bei engem Besuch an engem Schluechthaus zu Chicago op d'Iddi vum enger Fléissbandproduktioun brénge geloss, fir op déi Manéier Autoe bauen ze loossen. Am Schluechthaus hat e gesinn, datt d'Béischten u Kreep houngen, an domat vun engem Aarbechter bei deen aneren transportéiert goufen. Sou huet jiddwer Eenzelen nëmmen een Handgrëff gemaach, an d'Aarbecht ass méi séier vun Hand gaangen.
Den 12. August 1908 ass deen éischten Auto op der Welt, deen op déi Manéier produzéiert gouf, de Ford T, vum Fléissband gerullt. Et koumen der 15 Milliounen no.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ford Model T – Biller, Videoen oder Audiodateien