François Maas
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Foussballspiller, deen als Pitt Maas bekannt gouf. Fir de lëtzebuergeschen Handballspiller, kuckt wgl. Pit Maas. |
| François Maas | |
|---|---|
| Gebuer |
7. Oktober 1925 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen | 14. Abrëll 2017 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Foussballspiller |
| Positioun oder Spezialitéit | Golkipper |
| Veräin/Ekipp |
Fola Esch, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
|
| |
De François Maas, gebuer de 7. Oktober 1925, gouf och nach Pitt genannt, war e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]
Hien huet den 22. Mee 1949 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]
Hie war Golkipp bei der Fola Esch, a stoung 211-mol am Gol. Deemno ass hien de Spiller deen nom Willy Peiffer (268) an nom Nicky Fratoni (258) déi meescht Matcher fir d'Fola gespillt huet.
