Franky Gilbertz

Vu Wikipedia

De Franky Gilbertz, gebuer de 14. Juli 1983 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Gewerkschaftler.

De Franky Gilbertz ass zu Nidderkuer an zu Zolwer opgewuess an huet am Lycée Hubert Clément zu Esch-Uelzecht de Premièresexame gemaach. Zanter 2007 ass hien als Zirkulatiounschef (chef de circulation) bei der CFL.

Zanter November 2009 ass hie President vun der Jugend vum FNCTTFEL-Landesverband; den 12. Juni 2010 ass hie Sekretär vum Secteur Eisebunne vum Landesverband ginn.