Franséisch Indochina

Vu Wikipedia


Franséisch Indochina
Union indochinoise/Fédération indochinoise
Liên bang Đông Dương
សហភាពឥណ្ឌូចិន

Fändel vu Frankräich

Emblem vu Franséisch Indochina

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Franséisch, Vietnameesesch,
Khmer, Laotesch.
Haaptstad: Hanoi (1902-1953)
Saigon (1887-1901)
Staatsform: Federatioun vu Kolonien
Fläch: 737 000 km²
Bevëlkerung: ?

Franséisch Indochina (Indochine française) ass deen Deel vun der Regioun Indochina, a Südost-Asien, dee Frankräich am Laf vum 19. Joerhonnert ënner seng Kontroll bruecht hat.

Franséisch Indochina huet aus follgende Gebidder bestanen:

Bis op d'Cochinchine, déi de Statut vun enger Kolonie hat, waren déi véier aner Gebidder sougenannt Protektorater.

D'Presenz vu Frankräich ass 1954 op een Enn gaangen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schluecht vun Dien Bien Phu.

No 1954 war de Vietnam laanscht dem 17. Breetegrad an zwee gedeelt: den Nordvietnam, eng kommunistesch Volleksrepublik mat Hanoi als Haaptstad, an de Südvietnam, mat Saigon als Haaptstad, eng pro-westlech autoritär Republik déi geschwë vun de lokale Kommunisten (Vietcong) mat Ënnerstëtzung vum Nordvietnam ënnerwandert gouf, wat d'USA, am Kontext vum Kale Krich, dozou beweegt huet, z'intervenéieren.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Vietnamkrich.

Den Tonkin, den Annam an d'Cochinchine bilden zesummen, zanter dem Enn vum Vietnamkrich 1975, d'Volleksrepublik Vietnam.

Déi zwee aner Länner, de Laos an de Kambodscha, sinn no 1954 onofhängeg Kinnekräicher gewiescht, déi zäitweileg staark vun den eegenen oder vun de vietnameesesche Kommuniste beaflosst goufen. Am Kambodscha huet dat d'Chineesen op de Plang bruecht, déi do gär als Schiermhäre vun de Khmer opgetruede sinn - déi d'Vietnamesen als Ierffeinde betruecht hunn. 1975 gouf am Laos, no engem laange Biergerkrich, eng Volleksrepublik ausgeruff.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Oskar Weggel, Indochina. Vietnam - Kambodscha - Laos; München (Beck), 1990 (= 2. iwwerschafft Oplo); 227 S. mat 8 Illustratiounen a 4 Kaarten. ISBN 3-406-34744-4
  • Peter Scholl-Latour, Der Ritt auf dem Drachen. Indochina - von der französischen Kolonialzeit bis heute; München (Heyne), 1988; ISBN 3-453-02489-3
  • Ivan Cadeau, La guerre d'Indochine. De l'Indochine française aux adieux à Saigon, 1940-1956; Paräis (Tallandier), 2015.
  • Ivan Cadeau, Diên Biên Phu, 13 mars - 7 mai 1954; Paräis (Tallandier), 2013.
  • Philippe Franchini, Les guerres d'Indochine; Bd. I: De la conquête française à 1949; Bd. II: De 1949 à la chute de Saigon; Paräis (Tallandier / Texto), 2011.
  • Bernard Philippe Groslier, Indochine, carrefour des arts; Paräis (Albin Michel), 1961.