François Antoine Defer

Vu Wikipedia
François Antoine Defer
Gebuer 1735
Gestuerwen 15. Februar 1821
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De François Antoine Defer, gebuer am Joer 1735 zu Ensisheim am Elsass a gestuerwen de 15. Februar 1821 zu Iechternach, war Nottär zu Iechternach[1].

Den Defer, deem seng Etüd vu 1767 bis 1811 funktionéiert huet[2], war Buergermeeschter vun Iechternach vum 25. Februar[3] bis den 1. Abrëll 1797 a vum 16. November 1808[3] bis den 22. November 1813. Hien huet an "Hovelek" gewunnt[1].

Seng éischt Fra war d'Marie Antoinetta Horman, mat där hie sech de 26. Januar 1762 bestuet hat. Seng zweet Fra war d'Charlotte Genin[1].

Eng vun de méi kuriéisen Aufgaben, déi den Defer am Laf vu senger Karriär z'erfëllen hat, houng mat dem Napoleon Bonaparte senger Hochzäit, den 1. Abrëll 1810, mat der Prinzessin Marie-Louise vun Éisträich zesummen. De 25. Mäerz 1810 hat den Napoleon nämlech en Dekreet erlooss[4], no deem sechsdausend Zaldote sech den 22. Abrëll 1810 bestueden an als Hochzäitsgeschenk eng Zomm vu 600 Frang kréie sollten (1200 F zu Paräis). Fir dës Zaldoten auszewielen, waren iwwerall Spezialkommissiounen agesat ginn. Als Buergermeeschter vun Iechternach war den Defer Member vun der Kommissioun vum Kanton Iechternach, an där nieft him nach zwéin aner Iechternacher, de Friddensriichter Müller an de Paschtouer Coner, waren, an dann nach de Buergermeeschter Even vu Beefort an de Paschtouer Schneider vu Rouspert[5].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  2. Nationalarchiv, Lëtzebuerg
  3. 3,0 3,1 Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  4. Décret impérial contenant les Actes de bienfaisance et d'indulgence à l'occasion du Mariage de Sa Majesté l'Empereur et Roi. Bulletin des lois de l'Empire français. 4e série. Tome douzième, contenant les lois rendues pendant le premier semestre de l'année 1810. N° 259 à 298. Paris 1810, p. 237-253 (Bulletin des lois N° 277). [1]
  5. M. Simon. Echternach, liebe alte Stadt. Tageblatt 1949, Nr. 297 (23. Dezember), S. 4. [2]

n]]