Frederik IX. vun Dänemark

Vu Wikipedia
Frederik IX. vun Dänemark
Titelen
Kinnek vun Dänemark
Zäit 1947 bis 1972
Virgänger Christian X. vun Dänemark
Nofollger Margrethe II. vun Dänemark
Biographie
Gebuer 11. Mäerz 1899
Gestuerwen 14. Januar 1972
Papp Christian X. vun Dänemark
Kanner Margrethe II. vun Dänemark, Anne-Marie vun Dänemark


De Frederik IX. (mam ganzen Numm Christian Frederik Franz Michael Carl Valdemar Georg, gebuer den 11. Mäerz 1899 um Schlass Sorgenfri a gestuerwen de 14. Januar 1972 zu Kopenhagen, war vun 1947 bis zu sengem Doud, 1972, Kinnek vun Dänemark.

Hie war deen eelste Jong vum spéidere Kinnek Christian X. an der Alexandrine von Mecklenburg-Schwerin.

1935 huet hie sech mat der Ingrid vu Schweden (1910–2000) bestuet. Si kruten dräi Duechteren:

  • d'Margrethe (* 1940), ∞ Henri de Laborde de Monpezat; gouf nom Frederik sengem Doud als Margrethe II. Kinnigin vun Dänemark;
  • d'Benedikte (* 1944), ∞ Richard zu Sayn-Wittgenstein-Berleburg
  • d'Anne-Marie (* 1946), ∞ Konstantin II. vu Griicheland

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Frederik IX. vun Dänemark – Biller, Videoen oder Audiodateien