Op den Inhalt sprangen

Christian X. vun Dänemark

Vu Wikipedia
Christian X. vun Dänemark
Titelen
Kinnek vun Dänemark
14. Mee 1912 - 14. Januar 1947
Virgänger Frederik VIII.
Nofollger Frederik IX.
Biographie
Gebuer 26. September 1870
Gestuerwen 20. Abrëll 1947
Geschwëster Ingeborg vun Dänemark
Kanner Frederik IX. vun Dänemark
Gielercher Chevalier vum Uerde vum Gëllene Vlis, Grousskräiz vum Order of the Bath, Wäissen Aadleruerden, Kinnekleche Seraphinenuerden, Collar de la Orden de Carlos III, Erléiser-Uerden

De Christian X. (Christian Carl Frederik Albert Alexander Vilhelm; islännesch Kristjan), gebuer de 26. September 1870 um Schlass Charlottenlund, a gestuerwen den 20. Abrëll 1947 zu Kopenhagen, war vun 1912 bis 1947 Kinnek vun Dänemark an a Personalunioun vun 1918 bis 1944 Kinnek vun Island.

De Christian X. war den eelste Jong vum Frederik VIII. vun Dänemark a senger Fra, der Louise vu Schweden-Norwegen. Säi klenge Brudder war als Haakon VII. Kinnek vun Norwegen.

De Christian X. war mat der Alexandrine vu Mecklenburg-Schwerin bestuet; d'Koppel hat zwéi Jongen:

  • Frederik IX. (* 11. Mäerz 1899: † 14. Januar 1972), Kinnek vun Dänemark
  • Knut Christian (* 27. Juli 1900; † 14. Juni 1976), Ierfprënz vun Dänemark

Hie war de Grousspapp vun der Kinnigin Margrethe II.

 Commons: Christian X. vun Dänemark – Biller, Videoen oder Audiodateien