Margrethe II. vun Dänemark
Margrethe II. vun Dänemark | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
Titelen | |
Kinnigin vu Dänemark | |
Zäit | 1975 bis 2024 |
Virgänger | Frederik IX. vun Dänemark |
Nofollger | Frederik X. vun Dänemark |
Biographie | |
Gebuer |
16. Abrëll 1940 Kopenhagen |
Bestuet mat | Henri de Laborde de Monpezat |
Papp | Frederik IX. vun Dänemark |
Geschwëster | Anne-Marie vun Dänemark |
Kanner | Frederik X. vun Dänemark |
Gielercher |
Grand-croix de la Légion d’honneur, Uerde vum wäissen Aadler, Dräi-Stären-Uerden 1. Klass, Stär vu Rumänien, Elefanten-Uerden, Grand collier vum Chrysanthèmenuerden, Grand collier vum Uerde vum Infant Dom Henrique, Grand-croix vum Ordre de mérite vun der Republik Polen, Kinnekleche Seraphinenuerden, Chakri-Uerden, Cavaliere di Gran Croce Ordine al Merito della Repubblica Italiana, Grousskräiz vum Leopoldsuerden, Großes Verdienstkreuz des Verdienstordens der Bundesrepublik Deutschland [] |
![]() |
D'Margrethe II. vun Dänemark [mɑˈg̊ʁeːɪ̯d̥ə], gebuer de 16. Abrëll 1940 zu Kopenhagen als Margrethe Alexandrine Þórhildur Ingrid, war vum 14. Januar 1972 bis de 14. Januar 2024 Kinnigin a Staatscheffin vun Dänemark (Danmarks Dronning), vun de Färöer a vu Grönland.
Si kënnt aus der Famill Schleswig-Holstein-Sonderburg-Glücksburg, enger Niewelinn vum Haus Oldenburg.
D'Margrethe ass déi eelst Duechter vum Frederik IX. vun Dänemark (1899–1972) a senger Fra Ingrid vu Schweden (1910–2000). Nodeems hire Papp 1947 zum Kinnek proklaméiert gi war, gouf ufanks hire Monni Knut vun Dänemark Trounfollger. 1953 huet eng Ännerung vun der Verfassung et méiglech gemaach, datt och eng weiblech Successioun méiglech wier.
Si ass d'Wittfra vum Henri de Laborde de Monpezat (Prënz Henrik vun Dänemark), deen se 1967 bestuet hat, an deen 2018 gestuerwen ass. Si hunn zwéi Jongen:
- De Frederik (* 26. Mee 1968), zanter dem 14. Januar 2024 Kinnek vun Dänemark;
- De Prënz Joachim (* 7. Juni 1969).
An der Usprooch fir Neijoerschdag 2024 huet si matgedeelt, datt se de 14. Januar 2024 zugonschte vun hirem Fils Frederik ofdanke géif[1].
Gielercher (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren] Chevalier vum Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene Léiw
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Margrethe II. vun Dänemark – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (lb) No 52 Joer: Dänesch Kinnigin Margrethe II. annoncéiert Ofdankung. www.rtl.lu. Gekuckt den 2.01.2024.