Furio Cardoni

Vu Wikipedia
Furio Cardoni
Gebuer 28. November 1948
Gestuerwen 5. Abrëll 2024
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Veräin/Ekipp US Rëmeleng
Famill
Kanner Manuel Cardoni

De Furio Cardoni, gebuer den 28. November 1948 a gestuerwen den 5. Abrëll 2024 zu Esch-Uelzecht [1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller.[2]

Sportlech Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht dem 31. Mäerz 1968 am 4. Januar 1970 huet de Furio Cardoni 4-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3] Vun 1965 bis 1984 huet hien 286 Matcher fir d'US Rëmeleng an der Nationaldivisioun gespillt[4]. 1968 an 1975 konnt hien d'Coupe de Luxembourg mat sengem Veräi gewannen an huet an deenen zwou Finallen (1:0 an 2:0) all d'Goler geschoss.[5]

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

Säi Fils, de Manuel, war ee vun den erfollegräichste Foussballspiller vu Lëtzebuerg.

Mat sengem Brudder René huet hien zesumme bei der US Rëmeleng gespillt.

De Furio Cardoni ass de Cousin vum fréiere lëtzebuergesche Foussballprofi an Nationalspiller Nico Rohmann.[6]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Wort vum 10. Abrëll 2024, Säit 34 "Avis mortuaires"
  2. De Furio Cardoni op der Websäit vun der Football Database.eu
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Furio Cardoni op der Websäit vun European Football
  4. De Furio Cardoni op der Websäit fussball-lux.lu
  5. D'Opstellungen aus de Coupefinallen op fussball-lux.lu
  6. Artikel iwwert den 'Chico' Rohmann op wort.lu