Gérard Jeitz

Vu Wikipedia
Gérard Jeitz
Gebuer 10. Mäerz 1961
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Veräin/Ekipp US Rëmeleng,
C.A. Spora Lëtzebuerg,
Union Lëtzebuerg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

De Gérard Jeitz, gebuer den 10. Mäerz 1961 zu Esch-Uelzecht, ass e fréiere lëtzebuergesch Foussballspiller a Foussballstrainer.[1]

Tëscht dem 16. November 1983 am 18. Dezember 1991 huet de Gérard Jeitz 26-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]

Vun 1979 bis 1985 huet de Gérard Jeitz bei der US Rëmeleng gespillt. Duerno war hie bis 1988 bei der Spora Lëtzebuerg a vun 1989 bis 1992 huet hie fir d'Union Lëtzebuerg gespillt.[3]

De Gérard Jeitz war an der Saison 2000/2001 an an der Saison 2005/2006 an duerno nach bis den 8. Oktober 2006 Trainer bei der US Rëmeleng. De Jeitz ass sengem Veräi trei bliwwen, nodeem hien Trainer war, ass hien zum President vun der US Rëmeleng ernannt ginn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Gérard Jeitz op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Gérard Jeitz op der Websäit vun European Football
  3. De Gérard Jeitz op der Websäit vun National Football Teams