Gaapsen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Autoportrait, bâillant vum Joseph Ducreux, ca. 1783.
E Léiw dee gaapst

D'Gaapsen (lat. oscitatio) ass e reflexaartegt Behuelen, dat bei Mënsche wéi bei villen Déiere virkënnt. E steet dacks am Zesummenhang mat Middegkeet oder Laangweil. D'Gaapse fänkt domat un, datt een déif Loft hëlt, woubäi de Mond grouss opgerappt gëtt, an hält op, andeems een ausotemt an dann de Mond zoumécht. Dat geschitt mat oder ouni Lauter.

An der westlecher Kultur ass d'Gaapsen en Ausdrock vu Middegkeet oder Laangweil, sou datt a Gesellschaft erwaart gëtt, datt een entweder d'Hand virun de Mond hält, sech op d'Säit dréint, oder soss sou diskret wéi méiglech gaapst.

Et ass wëssenschaftlech nach ëmmer net ganz kloer, firwat ee gaapst oder fir wat et gutt ass. D'Wëssenschaft vum Gaapsen heescht Chasmologie.

D'Wuert "gaapsen" geet op ähnlech Wierder fir Spléck oder opgerappt Ëffnung zréck, sou wéi eben de Mond beim Gaapsen.

D'Gaapsen ass "ustiechend"; wann een ee gesäit (oder héiert) gaapsen, muss een och.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Lehmann: Yawning: A homeostatic reflex and its psychological significance. 1979.
  • Baenninger: Some comparative aspects of yawning in Betta splendens, Homo sapiens, Panthera leo and Papio sphinx. 1987.
  • Smith: Yawning: an evolutionary perspective. 1999.
  • Anderson, Meno: Psychological influences on yawning in children. 2004.
  • Platek et al.: Contagious yawning: the role of self-awareness and mental state attribution. 2003.
  • Seuntjens: On Yawning or The Hidden Sexuality of the Human Yawn. 2004.
  • Monika Spang, Sonja Bougaeva: Das große Gähnen. Eine Zoo- und Gutenacht-Geschichte. Atlantis, Orell Füssli, ISBN 3-7152-0530-X.
  • Klaus Schmeh: Warum Gähnen ansteckend ist. Alltagsrätseln auf der Spur, Gondrom, Bindlach 2008, ISBN 978-3-8112-3026-2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gaapsen – Biller, Videoen oder Audiodateien