Gare Dison

Vu Wikipedia

D'Gare vun Dison war eng belsch Gare op der Eisebunnsstreck Battice-Verviers (Linn 38A) zu Dison, ongeféier um hallwe Wee tëscht Battice a Verviers. De geneeën Datum vum Bau ass net bekannt, mä et schéngt es wéi wa se bei der Ouverture vun der Streck am Joer 1879 d'Gare och fäerdeg gewiescht wier.[1]

Den Deel vun der Streck tëscht Battice an Dison war am Zweete Weltkrich vun der Wehrmacht zerstéiert ginn, a gouf ni méi gefléckt, soudatt nom Krich nach just d'Verbindung Dison-Verviers funktionéiert huet.

Well zu Dison vill Woll ausgeluede gouf, war d'Gleis op enger grousser Längt vun enger ronner Hal iwwerdeckt, an där nodeem den Zuchtrafic opgehalen hat, Kuelenhändler an e Schrotthändler hiren Depot haten. An der Gare gouf et e Privatuschloss fir eng Firma, d'Déchets de Verviers, déi d'Reschter vun der Textilindustrie verschafft huet. Bei deem Recyclage ass Dünger ofgefall deen a ganz Europa verkaaft gouf. D'Streck gouf ëm 1960 ganz zougemaach. Iwwer een Deel vun der Eisebunnsstreck féiert haut d'Autobunn A27. D'Gare gouf ewechgerappt an op där Plaz steet haut d'Altersheem Le Couquemont.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. G. Henrard En train à travers les plateaux de Herve