Op den Inhalt sprangen

Gare King's Cross

Vu Wikipedia
Gare King's Cross
Land Vereenegt Kinnekräich
Koordinaten 51°31'51,200"N, 0°7'23,900"W
Datum vum Bau 1852
Opgaangen 14. Oktober 1852
Vue bannenan, Gleiser 5-8.

D'Gare vu King's Cross (en.: King's Cross railway station) ass eng Gare am Londoner Quartier King's Cross. Si läit direkt nieft der Gare St. Pancras (zanter 2007 den Terminus vum Eurostar) an zesumme mat där iwwer der Metrostatioun King's Cross St. Pancras.

Den Numm King's Cross[1] geet zeréck op e fréiert Monument zu Eiere vum Kinnek George IV op der Kräizung vun der Gray's Inn Road, der Pentonville Road an der Euston Road. D'Gare gouf 1851-52 op der Plaz vun engem fréiere Spidol als Londoner Korrespondenz-Gare vun der Great Northern Railway an als Terminus-Gare vun der East Coast Main Line gebaut, no Pläng vum Architekt Lewis Cubitt. D'Haaptgebai, mat 8 Gleiser, gouf de 14. Oktober 1852 a Betrib geholl.

Well den Traffik an d'Banlieue ëmmer méi grouss gouf, koum en zweet Gebai mat de Gleiser 9-11 derbäi. 1972 gouf virdrun eng Hal fir d'Guicheten a fir Geschäfter ugebaut. Dat sollt just e Provisorium sinn, well se d'Originalfassad, déi ënner Denkmalschutz steet, verstoppt huet. Se blouf awer 40 Joer laang do stoen.

1987, nom Feier an der Metrostatioun King's Cross St. Pancras, bei deem 31 Leit ëm d'Liewe koumen, goufen och an der Gare Aarbechten gemaach fir méi streng Sécherheetsmoosnamen ëmzesetzen.

2012-2013 koum et zu weidere gréissere Modernisatiouns- a Renovatiounsaarbechten. Am Weste gouf eng nei Hal fir d'Departen an eng Akafsgalerie bäigebaut, an d'Virhal aus den 1970er Joren am Süde gouf nees ofgerappt an duerch eng Plaz ersat.

Zanter der Privatiséierung vun der Brittescher Eisebunn ass King's Cross de südlechen Terminus haaptsächlech vun der East Coast Main Line. Déi gëtt vu Virgin Trains East Coast bedriwwen a verbënnt Stied a Schottland (ë. a. Edinburgh, Aberdeen, Dundee an Inverness, an Nordost-England (dorënner Newcastle upon Tyne, Durham, Darlington a Sunderland), a Yorkshire-and-Humber (mat Leeds, York an Doncaster), an den East Midlands (dorënner Grantham a Lincoln) an East England (ë. a. Peterborough, Stevenage, Cambridge an Ely).

Nieft den Zich vun der Virgin Trains East Coast Line fueren och déi vun den Hull Trains (Verbindung mat Hull), vun der Grand Central Railway (Verbindung mat Sunderland) a vun der Great Northern (Verbindung mat Cambridge a King's Lynn, an nach e puer anere Géigenden ronderëm den Nordoste vu London) d'Gare un.

Den "Zougang" zum Quai 9 ¾, bekannt aus den Harry-Potter-Erzielungen.

An de Geschichte vum Harry Potter gëtt et op der Gare e geheime Quai, de Quai 9 ¾, zu deem nëmmen Zauberer Zougang hunn, a vu wou aus den Zuch op Hogwart fiert. Wéinst der Popularitéit vu deenen Erzielunge gouf e Schëld an e Bagage-Weenchen, deen ze soen an enger Mauer 'verschwënt', amenagéiert, fir datt d'Touristen eppes ze knipsen hunn.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Fir souwuel d'Gare wéi och de Quartier fënnt een och d'Schreifweis Kings Cross; déi mat Apostroph ass déi, wéi s'an der Gare doruechter steet.
  • Dësen Artikel gouf ugeluecht zu groussen Deeler als eng Iwwersetzung vu fr:Gare de King's Cross an der Versioun vum 21.10.2024.