Garnecher Musek

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Logo vun der Garnecher Musek

D'Garnecher Musek, bis 2016 Pompiers-Fanfare Garnich, ass eng lëtzebuergesch Fanfare an der Gemeng Garnech. Si gouf de 15. Mäerz 1919 gegrënnt.

1969 huet d'Garnecher Musek hire 50. Anniversaire gefeiert. Am Oktober vun deem Joer krut d'Musek och en neien Dirigent an en neie President. 1969 ass d'Garnecher Musek erëm der U.G.D.A. bäigetratt, wou si am Joer 1948 ausgetruede war, well déi Zäit souwisou keen un d'Participatioun un engem Concours gegleeft hat.

1971 krut d'Garnecher Musek ënner der Leedung vum Jean-Marie Reding bei engem Concours zu Bouneweg fir d'éischte Kéier eng Mentioun "très bien".

Bei engem Concours op Christihimmelfaartsdag 1974 konnt esouguer en éischte Präis erreecht ginn.

E weideren Héichpunkt war et 1978, wéi d'Musek zu Dikrech um Concours de Sprong an déi zweet Divisioun gepackt hat.

1979 huet d'Musek fir dat 60. Stëftungsfest bei Geleeënheet vum Zeltfest en neie Fändel kritt.

Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1919-1923: Jacques Schmitz
  • 1923-1927: Edmond Kerschen
  • 1927-1932: Henri Mangen
  • 1932-1933: Pierre Erpelding
  • 1933-1941: Edmond Kerschen
  • 1944-1947: Emile Kieffer
  • 1947-1957: Jacques Lepage
  • 1957-1959: Alex Franck
  • 1959-1969: Ernest Mangen
  • 1969-1996: Aloyse Massard
  • 1996-2008: Aloyse Arend
  • 2008-haut: Nico Heirens

Dirigenten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1919-1925: Gustave Goergen, Lëtzebuerg-Eech
  • 1925-1926: Emile Noblet, Arel
  • 1926-1928: Maggi, Arel
  • 1928-1931: Pierre Schonckert, Lëtzebuerg-Bouneweg
  • 1931-1941: Nicolas Bivort, Klengbetten
  • 1944-1945: Nicolas Bivort, Klengbetten
  • 1945-1947: Marcel Hoffmann, Stengefort
  • 1947-1949: Francis Harsch, Weimeschkierch
  • 1949-1957: Georges Wies, Mamer
  • 1957-1965: Ady Mootz, Lëtzebuerg
  • 1965-1969: Jean-Paul Frisch, Uewerkäerjeng
  • 1969-2001: Jean-Marie Reding, Rolleng/Uewerkäerjeng
  • 2001- haut: John Schneider, Zolwer

Theaterstécker[änneren | Quelltext änneren]

  • 1947: En Dag Millionar
  • 1948: Staffels Bertha
  • 1949: 1. Den Isak als Zaldot; 2. 2 Judden als Schmogler
  • 1950: 1. Duerch d'Gebiet vun der Mamm; 2. Onschëlleg verurtélt
  • 1951: Der Sprung in die Ehe
  • 1952: Den Här Doktor Heureka
  • 1953: 1. Familie Hannemann; 2. De bloën Hary
  • 1954: 1. Kouhandel; 2. Eng Freierei aus aler Zäit; 3. Wéi de Schleckjang
  • 1955: Das Geheimnis auf Schloss Talkenstein
  • 1956: D'Chambre garnie
  • 1957: Der Henker von Sonora
  • 1959: Gecke sin och Leit
  • 1961: Ausgefall
  • 1962: 1. Zevi11 zerräist de Sak; 2. Eng Schwéiermamm, 4 Edemen an e Papagei
  • 1963: Dat 1. Kräiz um neie Kirfecht
  • 1964: D'Rosi vun der Sauermillen
  • 1965: De Lannebauer
  • 1966: De lëschtege Ritter vun Seymerech
  • 1967: Den Tockskapp
  • 1968: De Baltes vum Bichenhaff
  • 1969: Mach mer näischt vir
  • 1970: 1. Eng Schwéiermamm, 4 Eedemen an e Papagei; 2. De Rosbeiar
  • 1971: D'Madame Buergerméeschtech
  • 1972: De Monnonk Bennes
  • 1973: Dat 1. Kräiz um neie Kirfécht
  • 1974: De Besuch um Wudderhaff
  • 1975: De Rettongsschwëmmer
  • 1976: Ech laache méch futti
  • 1977: Déi nei Reich
  • 1978: Sou kënnt éen op den Hond
  • 1979: De Liggepol
  • 1980: Mir kafen eng Döschewo
  • 1981: De Köpgesbaacher Mates
  • 1982: D'Jonggesellesteier
  • 1983: De Maulkuerf
  • 1984: En drolëgen Aptikter
  • 1985: Bubi bass de schon op?
  • 1986: De schéine Poli
  • 1987: Tata Liss vu Vallauris
  • 1988: Léift an Téitschen
  • 1989: Néen déi Schnëss
  • 1990: D'Verléenhéetskand
  • 1991: D'gléngte Schwéiermamm
  • 1992: Kuddelmuddel
  • 1993: Stee Räich
  • 1994: D'Zëss gëtt queesch
  • 1995: Gewulls an de Kornischongen
  • 1996: Dem Här seng Klacken
  • 1997: Eng zockerséiss Popp
  • 1998: De Beichtstull
  • 1999: Hei wunnt d'Doutsönn
  • 2000: Urlaub vum Péitrus
  • 2001: (Keen Theater, wéinst Vergréisserung vum Festsall)
  • 2003: Ass dat dann esou schlëmm?
  • 2004: D'Power-Boma
  • 2005: Kee Mann fir eng Nuecht
  • 2006: Männer sin och nëmme Mënschen
  • 2007: Elauter éierbar Locatairen
  • 2008: Éierens am Néierens
  • 2009: Studentekascht
  • 2010: Fir d'Frecken net
  • 2011: Wat der Owend méi spéit
  • 2012: D'Haus voller Leit

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fanfare Garnech, 1919 - 1994: Festlechkeeten zum 75. Jubiläum, 1994, 168 S.
  • Garnecher Musek, 100 Joer, 1919-2019: Garnech, Eng Gemeng, Eng Musek, Eng Geschicht, 2021, 700 S.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]