Geméismillen

Vu Wikipedia
Eng Geméismillen

Eng Geméismillen ass e Kichegeschier fir Uebst, Geméis oder aner Liewensmëttel ze püréieren, resp. ze zerdrätschen.

Dobäi gëtt dat (gekacht) Iesse mat Hëllef vun enger Spiral, déi mat enger Kierp gedréint gëtt, no ënnen duerch e Siff gedréckt, deem seng Lächer méi oder manner grouss sinn, deemno, wéi "graff" dat passéiert Iessen herno soll ausgesinn.

Erfinder[änneren | Quelltext änneren]

Den 31. Mäerz 1928, huet de Belsch Victor Simon e Patent fir eng Geméismillen ugemellt déi e Passe-Vite genannt huet[1] an déi zu Lëtzebuerg haaptsächlech ënner deem Begrëffsmonopol bekannt ass.

De Fransous Jean Mantelet huet de 16. Februar 1932 e Patent fir eng Geméismillen ugemellt déi vun der Gesellschaft « Moulin-Légume », a spéider vu Moulinex produzéiert gouf.[2].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Une passoire magique et universelle, Artikel vum Franca Rossi, den 29 Mee 2007, an der Libre Belgique
  2. Le Moulin-Légume de Jean Mantelet (1932), Publikatioun op der Websäit vum INPI.