Genter Altor

Vu Wikipedia
Opgeklappt; 3.5m × 4.6m.
Zou, hënnescht Panneauen
Detail: D'Engelen, déi sangen.

De Genter Altor (och Veréierung vum mystesche Lamm (Adoration de l'agneau mystique) oder D'Lamm vu Gott (Het Lam Gods) genannt, ass e Retabel aus dem fréie 15. Joerhonnert an der St.-Bavo-Kathedral zu Gent.

De Retabel besteet aus 12 hëlzene Panneaue mat Uelegbiller drop. En ass sou gebaut, datt d'Säitepanneauen, déi mat Jarnéiere festgemaach sinn, de mëttelsten Deel, wéi Klapplueden, bedecke kënnen, an domat d'Biller déi soss hannendru sinn, ze gesi sinn. Fréier war et sou, datt den zentralen Deel vum Altor just sonndes oder op Feierdeeg gewise gouf, an de Rescht vun der Woch zougeklappt war.

Den Altor war eng Commande vum Genter Händler a Politiker (eng Zort Buergermeeschter) Jodocus Vyd fir eng Säitekapell vun der Parkierch hellege Jang den Deefer (haut d'Sint-Baafs-Kathedral), déi hien a seng Fra gestëft haten. Den Hubert van Eyck, vun deem wéineg bekannt ass, huet warscheinlech den Entworf an d'Konstruktioun gemaach, mä hien ass 1426 gestuerwen. Säi klenge Brudder Jan van Eyck war héchstwarscheinlech deen, deen den Altor tëscht 1430 an 1432 gemoolt huet.

Den Altor mëscht Stilelementer vun der Gotik, der byzantinescher an der romanescher Konscht a bréngt gläichzäiteg eng nei Approche vun der Konscht zum Ausdrock, an där déi mëttelalterlech Idealiséierung enger geneeër Observatioun vun der Natur Plaz mécht, absënns bei de Gesiichter (kuckt z. B. d'Engelen, déi all prezis individuell Portraiten ze si schéinen).

Op de baussechte Panneauen ass am ieweschten Deel d'Verkënnegung vum Maria ze gesinn. Déi ënnescht sinn zum Deel a Grotéin gemoolt, fir stenge Statuen ze imitéieren, déi den hellege Jang den Deefer an de hellege Jang den Evangelist duerstellen. Lénks a riets ass d'Koppel ofgemoolt, déi den Altor gestëft huet, de Joost Vijdt a seng Madame, d'Lysbette Borluut. Wann den Altor opgeklappt ass, gesäit een am mëttelsten Deel de Christus als Kinnek, d'Muttergottes an de Jang den Deefer. Lénks a riets dovu sinn Engelen, déi Sangen a Musek spillen, an, um rietsen a lénkse Bord vun de Klapp-Panneauen, den Uedem an d'Éiv. Den ënneschten Deel vum zentrale Panneau weist d'Ubiede vum Lamm vu Gott, mat Gruppe vu Leit ronderëm, oder um Wee dohin. Uewendriwwer schwieft den hellege Geescht.

De Genter Altor gëllt, zënter e geschaf gouf, als eent vun de Meeschterwierker vun der nordeuropäescher Konscht. E war méi wéi eemol bal zerstéiert ginn, sief et duerch Feier, oder an de Reliounskricher. Am Éischten, wéi och am Zweete Weltkrich, gouf e vun den Däitsche geklaut. 1945 hunn d'Monuments Men vun der amerikanescher Arméi den Altor an enger Salzgrouf zu Altausee, mat villen anere geklaute Konschtwierker, déi do verstoppt waren, an op een Hoer zerstéiert gi wieren, erëmfonnt. Ee Panneau war 1934 vun engem onbekannten Déif gestuel ginn, a gouf 1945 mat enger Kopie ersat. De geklaute Panneau spillt am Albert Camus sengem Roman La Chute eng net onwichteg Roll.

Zënter 1986 gëtt de Genter Altor net méi an der Kathedral selwer, mä an hirem Baptisterium versuergt, dee speziell geséchert ass. Am Oktober 2012 huet de KIK/IRPA mat Restauréierungsaarbechte vum Altor ugefaangen, déi bis 2020 dauere sollen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Elisabeth Dhanens: Van Eyck. The Ghent Altarpiece. Lane Press, London 1973, ISBN 0-7139-0407-0.
  • Volker Herzner: Jan van Eyck und der Genter Altar. Edition Werner, Worms 1995, ISBN 3-88462-125-4.
  • Stephan Kemperdick, Johannes Rößler (Hrsg.): Der Genter Altar der Brüder Van Eyck. Geschichte und Würdigung. Petersberg 2014. ISBN 978-3-7319-0089-4.
  • Otto Pächt: Van Eyck. Die Begründung der altniederländischen Malerei. 4. Aufl. Prestel Verlag, München 2007, ISBN 978-3-7913-2720-4.
  • Erwin Panofsky: Die altniederländische Malerei. Ihr Ursprung und Wesen („Early Netherlandish Painting“). DuMont, Köln 2001, ISBN 3-7701-3857-0 (2 Bde.).
  • Peter Schmidt: Der Genter Altar. 2. Aufl. Verlag Urachhaus, Stuttgart 2007.
  • Peter Schmidt: Het Lam Gods. Davidsfonds, Leuven 2005, ISBN 90-77942-03-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Genter Altor – Biller, Videoen oder Audiodateien