George Ogden Abell

Vu Wikipedia
George Ogden Abell
Gebuer 1. Mäerz 1927
Los Angeles
Gestuerwen 7. Oktober 1983
Encino
Nationalitéit USA
Educatioun California Institute of Technology
Aktivitéit Astronom, Professer

Den George Ogden Abell, gebuer den 1. Mäerz 1927 zu Los Angeles, Kalifornien a gestuerwen de 7. Oktober 1983 zu Encino, Kalifornien, war en US-amerikaneschen Astronom.

Den Abell huet seng Léier mat engem Bachelor of Science (1951), engem Master of Science (1952) an engem Doktertitel (Ph.D. 1957) um California Institute of Technology (CalTech) ofgeschloss.

Den Abell war Professer op der University of California, Los Angeles. Zu den Theeme vu senger Fuerschung hunn ënner anerem Planetaresch Niwwele gehéiert. Besonnesch ervirzehiewen ass awer säi Bäitrag zu den Originne vun der observéierender Kosmologie. Op der Basis vum Palomar Observatory Sky Survey huet hien zanter den 1950er Joren u sengem Katalog geschafft, ee Katalog iwwer Galaxiëkéip. Mat där Hëllef konnt fir d'éischt Kéier d'Struktur vum Universum bis zu enger Routverrécklung vu ronn 0.2 ënnersicht ginn, déi bis haut vu grousser Bedeitung bliwwen ass.

Den Abell ass Matentdecker vum Koméit 52P (Harrington-Abell). No him benannt ass och den Asteroid 3449 Abell.

Hien huet am Joer 1966 en ettlech Bestëmmungen an Eegenschafte vu planetareschen Niwwele publizéiert an och katalogiséiert.[1][2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. George Ogden Abell: Globular clusters and planetary nebulae discovered on the national geographic society-Palomar Observatory sky survey., 1955PASP...67..258A
  2. George Ogden Abell: Properties of Some Old Planetary Nebulae, 1966ApJ...144..259A