George S. McDonald

Vu Wikipedia
George S. McDonald
Gebuertsnumm George Steven McDonald
Pseudonym George Allen, George S. MacDonald, Mike Hunt
Gebuer 20. Mee 1949
Dinuba
Gestuerwen 14. Dezember 2019
Sausalito
Nationalitéit USA
Educatioun Herbert Hoover High School
Aktivitéit Pornofilm-Schauspiller

Den George S. McDonald, resp. George Steven McDonald, gebuer den 20. Mee 1949 zu Dinuba am Bundesstaat Kalifornien a gestuerwen de 14. Dezember 2019 zu Sausalito och a Kalifornien[1], war en US-amerikanesche Pornofilm-Schauspiller, ee vun den éischte männleche 'Stare' vun der Pornofilm-Industrie an ee vun de Virleefer a Pionéier vun der Period vum sougenannte Golden Age of Porn (och Porno Chic genannt)[2].

De McDonald huet ufanks a kuerze Pornoclippe matgespillt an ass an erotesche Showen opgetrueden. Déi Zäit waren esou Aktivitéiten, wéi d'Produktioun vu Pornofilmer, praktesch illegal an den USA, wat den George McDonald awer net dru gehënnert huet, ënner sengem reellen Numm opzetrieden, wat éischter sielen de Fall bei de Pornoduersteller ass a war[2].

Säin éischte Pornofilm war Sexual Encounters (1970) vum Alex DeRenzy. Tëscht 1970 an 1975 huet de McDonald an net manner wéi 15 Produktioune gefilmt, heiansdo ënner dem Pseudonym George Allen[3]. Hie gouf mat der Roll als Camionschauffer Barry Clark, enger vun den zwou Haaptrollen am Kult-Pornofilm Behind the Green Door (1972) bekannt[4].

De McDonald war och den Auteur vun der Autobiographie Dirty Movies, déi en 1975 geschriwwen hat, awer eréischt 2018 publizéiert gouf[5].

Zanter 1989 ass den George S. McDonald Member vun der XRCO Hall of Fame als ee Film Pioneer[6].

No senger 'Pensioun' vun der Pornosindustrie huet den George McDonald sech, zesumme mam Regisseur Alex DeRenzy, am Drogenhandel matgemëscht[2],[7]. Spéider huet hie säin Numm op Steven Dean Moore geännert an huet mat senger Famill zu Sausalito gewunnt[8]. De McDonald/Moore ass am Dezember 2019 no enger laanger Krankheet gestuerwen[1].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 https://www.therialtoreport.com/2019/12/15/george-mcdonald-3/
  2. 2,0 2,1 2,2 Archive copy Archivéiert op 2018-06-21. Gekuckt de(n) 2018-06-21.
  3. Fiche op IAFD (en)
  4. https://escholarship.org/content/qt0g37b09q/qt0g37b09q.pdf
  5. https://www.therialtoreport.com/2018/05/20/george-mcdonald-2/
  6. http://www.iafd.com/person.rme/perfid=gmcdonald/gender=m/george-s.-mcdonald.htm#awards
  7. https://archive.org/stream/dailycolonist19731106/1973_11_06_djvu.txt
  8. Kuckt d'Fiche op Twitter.