Giacobiniden

Vu Wikipedia
Giacobiniden
Aktivitéitszäitraum 6. - 10. Oktober
Aktivitéitsmaximum 8. Oktober
Radiantepositioun
vum Aktivitéitsmaximum
RA: 17h 28m
DE: +54°
ZHR var
Populatiounsindex r 2,6
geozentresch Vitess 20 km/s

De Meteorstroum vun de Giacobiniden, och wéinst sengem Radiant Draconiden genannt, ass am Zäitraum vum 6. bis zum 10. Oktober aktiv an huet säi Maximum den 8. Oktober.

De Mammekoméit vun de Giacobiniden ass den 21P/Giacobini-Zinner, deem seng Bunn quasi duerch d'Äerdbunn zitt. All 13 Joer (zwou Ëmlafperiode vum 21P/Giacobini-Zinner) komme sech den 21P/Giacobini-Zinner an d'Äerd zimmlech no, woubäi sech d'Äerd duerch d'Deelchewollek vum Koméit beweegt. Sou koum et an de Joren 1933, 1946, 1985 an 1998 zu ville Meteoren. Am Joer 1933 waren dat der mat ongeféier 400 an der Minutt besonnesch vill.

Vu Mëtteleuropa aus ass de Radiant zirkumpolar, a sou d'ganz Nuecht iwwer gutt ze gesinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie