Op den Inhalt sprangen

21P/Giacobini-Zinner

Vu Wikipedia
21P/Giacobini-Zinner
De Koméit 21P Giacobini-Zinner
Orbittyp kuerzperiodesch
Grouss Hallefachs 3,527
Perihel 1,038 AE
Aphel 6,015 AE
Numeresch Exzentrizitéit 0,705
Perihelduerchgank 2. Juli 2005
Ëmlafdauer 6 a 227 d
Ëmlafvitess 34,61 km/s
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser ~2 km
Entdecker Michel Giacobini
Entdeckungsdatum 20. Dezember 1900
Aner Bezeechnungen -

Den Giacobini-Zinner (offiziellen Numm 21P/Giacobini-Zinner) ass e kuerzperiodesche Koméit, deen den 11. September 1985 vun der Raumsond ICE (International Cometary Explorer) ënnersicht gouf.

De Koméit gouf den 20. Dezember 1900 vum Michel Giacobini entdeckt. Obschonns d'Bunnbestëmmung erkenne gelooss huet, datt et sech ëm e kuerzperiodesche Koméit géif handelen, war de Koméit bei sengem fir d'Joer 1907 virausgesote Rendez-vous net ze gesinn. Säin nächste Rendez-vous gouf ufanks fir d'Joer 1914 erwaart, mä nodeem den Ernst Zinner den 23. Oktober 1913 een onbekannte Koméit entdeckt hat, hat sech séier erausgestallt, datt dee mam Giacobini sengem Koméit vun 1900 identesch ass. De Koméit huet zanterhir den Numm vu béiden Entdecker.

Den Giacobini-Zinner leeft op enger elliptescher Ëmlafbunn ëm d'Sonn, där hire Perihel nëmme knapps baussenzeg vun der Äerdbunn läit. De sonnewäitste Punkt (Aphel) läit eppes méi wäit wéi d'Bunn vum Planéit Jupiter, wat hien als kuerzperiodesche Koméit vun der Jupiterfamill auszeechent.

Besonnesch speziell war de Perihelduerchgank am Joer 1946, well de Koméit d'Äerd deemools op enger Distanz vun nëmmen 0,26 A.E. passéiert hat. De Koméit hat dobäi eng Hellegkeet am Beräich vun der 7. Gréisseklass erreecht.

De Koméit ass de Mammekierper vum Meteorstroum vun den Giacobiniden.

Rendez-vous vum ICE mam Giacobini-Zinner

Nëmmen en halleft Joer ier eng Flott vu verschiddene Raumsonden de Koméit Halley am Fréijoer 1986 erfuerscht huet, ass den 11. September 1985 d'Raumsond ICE op enger Distanz vu 7.800 km vum Koméitekapp duerch de Schwäif vum Giacobini-Zinner geflunn. Et ass domat den éischte Koméit, dee jee vun enger Sond erfuerscht gouf. D'Raumsond, déi ufanks ënner dem Numm ISEE 3 fir Erfuerschung vum Sonnewand kuerz virum Erreeche vum Magnéitfeld vun der Äerd konstruéiert gouf, konnt d'Interaktioun vum Sonnewand an dem Interplanetare Magnéitfeld mam Schwäif vum Giacobini-Zinner ënnersichen. Eng Kamera fir Fotoe war net u Bord. Et gouf festgestallt, datt den Aflossberäich vum Koméit méi grouss war wéi ugeholl, an datt d'Magnéitfeld vum Sonnewand d'Richtung gewiesselt huet, wéi den ICE d'Mëtt vum Schwäif passéiert hat. E klore Bugschock beim Optreffe vum Sonnewand op d'Aflosssphär vum Giacobini-Zinner konnt den ICE net moossen.[1]

Portal Astronomie

(en) Gary W. Kronk's Cometography - 21P/Giacobini-Zinner

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Nigel Calder: Jenseits von Halley. Springer, Berlin Heidelberg 1994, ISBN 3-540-57585-5, S. 84.