International Sun-Earth Explorer
ISEE-3 (International Sun Earth Explorer-3) spéider ëmgenannt an ICE (International Cometary Explorer) sinn d'Nimm vun enger US-amerikanescher Raumsond, déi tëscht 1978 an 1997 zu der Erfuerschung der Äerd, der Sonn und vu Koméite aktiv war.
Missioun
[änneren | Quelltext änneren]Ënner dem Numm „International Sun-Earth Explorer“ (ISEE, op Lëtzebuergesch: Internationaale Sonn- an Äerdfuerscher) war den 22. Oktober 1977 mat enger Delta 2914 vun der National Aeronautics and Space Administration an der Europäesch Weltraumorganisatioun gestart ginn. Déi béid Satellitten „ISEE-1“ (och „ISEE-A“ an „Explorer 56“; US-amerikanesch mat europäescher Bedeelegung) an „ISEE-2“ (och „ISEE-B“; europäesch mat US-amerikaneischer Bedeelegung) sinn zesummen op déi selwecht elliptesch Äerdëmlafbunn bruecht ginn.[1] Zil war d'Erfuerschung vum Äerdmagnéitfeld.
Héichpunkt vum Programm war allerdéngs d'Raumsond „ISEE-3“ (och „ISEE-C“ an „Explorer 59“). Dës Sond gouf den 12. August 1978 mat enger Delta 2914-Rakéit an en Halo-Orbit ëm de Lagrange-Punkt (Libratiounspunkt) L1, 1,5 Millioune km vun der Äerd ewech bruecht. Vun hei aus sollt „ISEE-3“ d'Wiesselwierkung vum Äerdmagnéitfeld mat der Sonn erfuerschen.
Virum Besuch vum Halleyesche Koméit am Joer 1986, haten d'NASA an d'ESA ufanks eng kollektiv Missioun beschloss. Jiddwer Weltraumorganisatioun sollt eng Sond fortschécken. Mä op Grond vu Budgetkierzunge gouf d'NASA-Sond 1981 gestrach (déi europäesch Sond war Giotto). Fir bei der Erfuerschung vun dësem Koméit net den Europäer, Russen a Japaner d'Feld iwwerloossen ze brauchen, hat d'NASA sech no engem méi bëllegen Ersatz ëmgesinn. „ISEE-3“ war eng Sond, déi eng geeegent Ausrëschtung u Bord hat. Sou gouf d'Sond vun hirem Halo-Orbit um L1 ofgezunn an an e puer komplexe „gravity assist“-Manöver un Äerd a Äerdmound laanscht gesteiert. Duerno hat d'Sond genuch Vitess, fir d'Äerdschwéierfeld ze verloossen. Déi 480 kg schwéier Sond krut duerno en neien Numm: „International Cometary Explorer“ (ICE; am letz. ongeféier: Internationaale Koméitefuerscher).
Verlaf
[änneren | Quelltext änneren]- „ISEE-3“ war den 12. August 1978 gestart.
- Den 20. November 1978 hat d'Sond den Orbit ëm den L1-Punkt erreecht.
- Den 10. Juni 1982 hat „ISEE-3“ mat Manöver ugefaangen, déi zum Verloosse vum L1-Orbit den 1. September 1982 gefouert hunn.
- Dat éischt „gravity-assist“-Manöver beim Äerdmound hat de 16. Oktober 1982 stattfonnt, weider Manöver waren den 30. Mäerz, den 23. Abrëll, de 27. September an den 22. Dezember 1983, duerno hat „ISEE-3“ d'Äerdschwéierfeld verlooss. Zweemol, den 8. Februar an den 30. Juni 1983 hat d'Sond och de (sonnenofgedréiten) L2-Punkt passéiert.
- Den 11. September 1985 ass déi lo „ICE“ genannt Sond op enger Distanz vu 7.800 km laanscht de Koméit 21P/Giacobini-Zinner geflunn.
- Fir d'Observatioun vum Koméit Halley hat „ICE“ dogéint nëmmen e klenge Beitrag. D'Sond war am Mäerz 1986 31 Millioune km vum Koméit ewech, soudatt nëmme wéineg notzbréngend Erkenntnesser gewonne konnte ginn.
- An den 90er Joren hat „ICE“ déi europäesch-US-amerikanesch Sonnesond Ulysses ënnerstëtzt.
- De 5. Mee 1997 gouf „ICE“ ofgeschalt.
- Am Joer 2014 wäert „ICE“ nees aus der Sonnenëmlafbunn an d'Äerdschwéierfeld zeréckkommen.
Resultat
[änneren | Quelltext änneren]„ISEE-3“ reso. „ICE“ war a viller Hisiicht e Pionéier: Si war déi éischt US-Sond mat europäescher Bedeelegung – spéide Standard. Si war déi éischt Sond an engem Orbit ëm L1 an och als éischt an der Géigend vun L2 – vun den 90er Jore Standardpositioune fir Sonde. A si war déi éischt Sond, déi laanscht e Koméit geflunn ass. Dëse Fluch laanscht e Koméit bestëmmt ë. a., datt Koméite haaptsächlech aus Waasseräis, awer och aus Gase, organesche Molekülle a Stëbs bestinn. Am Joer 2014 däerft „ICE“ och déi éischt „doudeg“ Sond sinn, déi an d'Äerdschwéierfeld zeréckkënnt – an domat gebuerge ka ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 07.01.2011. Gekuckt de(n) 12.02.2012.