Air Density Explorer

Vu Wikipedia
Den Explorer 24 (Air Density C)
De Start vum Explorer 9 op enger Scout-X1

D'Serie Air Density Explorer, ufanks als S-56 bezeechent, ware Ballonsatellitten, déi am Kader vum Explorer-Programm vun der NASA gestart goufe fir d'Dicht vun der Héichatmosphär ze moossen.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

D'Ballonhaut bestoung aus ofwiesselende Schichte vun Aluminiums- a Plastikfolien. Op der baussenzeger Alu-Haut ware wäiss 5 cm grouss Kreesser ubruecht, fir d'Uewerflächentemperatur ze stabiliséieren. E klenge Sender op 136,620 MHz - bedriwwe vu véier Solarzellen - huet déi elektresch Polung vun den zwou Ballon-Hemisphären als Antenn benotzt. Den Duerchmiesser vun den opgeblosene Ballone war 366 cm.

Déi lafend Bunnbestëmmung, déi fir d'Missioun entscheedend war, gouf dofir vum Netz vun den 12 Baker-Nunn-Kameraen iwwerholl. Och déi visuell, vum SAO organiséierte Moonwatch-Statioune mat ongeféier 100 Ekippe vun Amateurastronomen op alle Kontinenten, hu wiesentlech zum Erfolleg vum Fuerschungsprojet bäigedroen.

D'Hellegkeet vun de Satellitte war d'selmecht wéi déi vun engem Stär 3. Gréisst, sou datt hien och nach wann en no bei der Äerd war (Perigeum), an der Schummerecht ze gesi war.

Als Startrakéit koum d'Scout-Rakéit a verschiddene Varianten zum Asaz. D'Starte waren op der Wallops Flight Facility an op der Vandenberg Air Force Base. Wéinst der klenger Mass vun de Satellitte goufe si zanter dem véierte Start als Sekundärnotzlaaschte mat anere Satellitte gestart, fir d'Capacitéit vun den Drorakéite méi effikass auszenotzen.

Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Den S-56 war net an den Orbit komm, well déi zweet Stuf vun der Drorakéit net gezünnt hat.

Den Explorer 9 (S-56a, Air Density 1) war eng Widderhuelung vun der éischter Missioun. Déi Kéier koum de Satellit an d'Ëmlafbunn a konnt sech wéi geplangt entfalen. Den 9. Abrëll 1964 war den Explorer 9 an der Äerdatmosphär vergloust.

Den Explorer 19 (Air Density A) gouf erfollegräich gestart, en hat awer seng geplangt Héicht net erreecht. Well och de Sender net anstänneg geschafft huet, konnt hie knapps vun de Buedemstatiounen (virun allem Minitrack-Dopplermiessung) empfaange ginn. Beim Start vum Explorer 19 war den Explorer 9 nach a senger Ëmlafbunn, soudatt Simultanmiessunge vun der Loftdicht an zwou ganz verschidde Bunnellipse méiglech waren. De Ballon war den 10. Mee 1981 vergloust.

Den Explorer 24 (Air Density B) gouf zesumme mam Ionosphärefuerschungssatellit Explorer 25 (IE B) gestart. De Satellit ass den 18. Oktober 1968 vergloust.

Den Explorer 39 (Air Density C) gouf zesumme mam Ionosphärefuerschungssatellit Explorer 40 (IE C) gestart. Den Explorer 39 ass den 22. Juni 1981 vergloust. D'Peilsenderen hate schonn am Juni 1971 versot.

Den DAD B (Dual Air Density B) sollt mam Atmosphärefuerschungssatellit DAD A gestart ginn. Wéinst engem Versoe vun der Drorakéit koumen déi béid Notzlaaschten net an den Orbit. Am Fall vun engem erfolleggräiche Start hätt den DAD B den Numm Explorer 57 kritt.

Iwwerbléck[änneren | Quelltext änneren]

Explorer Numm Startdatum Startrakéit Startplaz Orbit
(Perigeum, Apogeum, Inklinatioun)
Mass Neesantrëtt Beschreiwung
Explorer (9) S-56 4. Dezember 1960 Scout-X1 WI Feelstart 6,3 kg ---
Explorer 9 S-56a 16. Februar 1961 Scout-X1 WI 634 km
2.583 km
38,86°
7 kg 9. Abrëll 1964
Explorer 19 AD-A 19. Dezember 1963 Scout-X4 Va 590 km
2.394 km
78,62°
7,7 kg 10. Mee 1981
Explorer 24 AD-B 21. November 1964 Scout-X4 Va 525 km
2.498 km
81,36°
8,6 kg 18. Oktober 1968 mat Explorer 25 gestart
Explorer 39 AD-C 8. August 1968 Scout-B Va 670 km
2.538 km
80,66°
9,4 kg 22. Juni 1981 mat Explorer 40 gestart
Explorer (57) DAD-B 5. Dezember 1975 Scout-F1 Va Feelstart 9 kg --- mat DAD-A gestart

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]