Explorer 8
Explorer 8 | |
---|---|
Typ | Fuerschungssatellit |
Land | USA |
Agentur | NASA |
COSPAR-Bezeechnung | 1960-014A |
Apogeum | 2288 km |
Perigeum | 417 km |
Bunnschréi | 33,24° |
Mass | 40,88 kg |
Bunn-Ëmlafzäit | 112 min |
Exzentrizitéit | 0,120936 |
Start | 3. November 1960, 5:16 UTC |
Startplaz | Cape Canaveral Air Force Station, Startramp LC-26 B |
Drorakéit | Jupiter-C |
Status | vergloust den 28. Mäerz 2012, 01:14 Auer GMT |
Den Explorer 8 war en amerikanesche Satellit, deen den 3. November 1960 am Kader vum Explorer-Programm erfollegräich gestart gouf.
Start
[änneren | Quelltext änneren]Den 41 kg schwéiere Satellit gouf mat enger Rakéit vum Typ Jupiter-C vun der Startramp LC-26 B vun der Cape Canaveral Air Force Station gestart.
Missioun
[änneren | Quelltext änneren]Den Explorer 8 gouf vun der NASA an en ellipteschen Äerdorbit bruecht. Bei enger Bunnschréi vun 33,24° krut den Explorer 8 en Apogeum (gréissten Ofstand) vun 2.288 km an e Perigeum (klengsten Ofstand) vu 417 km. D'Ëmlafzäit war 112 Minutten an 42 Sekonnen.
D'Missiounszil war déi detailléiert Erfuerschung vun der Ionosphär mam Schwéierpunkt vun der Elektronendichtmiessung, der Elektronentemperatur, der Ionekonzentratioun, der Ionemass, der Streeung a Verbreedung vu Mikrometeoritten souwéi vun hirer Mass. Mat dëse Miessunge sollt déi zäitlech a raimlech Verdeelung vun den Elektronen an de Mikrometeoritten analyséiert ginn, woubäi och d'Begleetëmstänn wéi déi voll Sonnenastralung beuecht goufen.
D'Notzlaascht war an enger zylindrescher Aluminiumkapsel. Den Zylinder war 76 cm laang an hat och en Duerchmiesser vu 76 cm. Den Transmitter fir d'Datesendung hat eng Leeschtung vun 100 mW a gouf vun enger Quecksëlweroxid-Zénk-Batterie gespeist.
D'Gewiicht vun den Instrumenter louch bei 8,4 kg. D'Instrumentesektioun um viischten Enn vum Satellit an déi ofgebrannt véiert Stuf vun der Rakéit hunn d'Äerd als eng Eenheet ëmkreest, déi sech 750-mol an der Minutt ëm hir Längsachs gedréit hat. Op Solarzelle gouf verzicht, fir d'Experimenter net duerch d'Opluede vun de Solarzellen ze beaflossen.
Zu de Miessinstrumenter hunn eng Sond fir d'Miesse vu Widerstänn gehéiert, souwéi eng Ionefal, eng Langmuir-Sond, eng Sond fir Spanungsbremsung, zwéi Mikrometeorittendetekteren, e Miessinstrument fir Elektrostatik an eng Temperatursond.
Verbleif vum Satellit
[änneren | Quelltext änneren]De 27. Dezember 1960 war d'Batterie eidel. Den Explorer 8 huet nach bis den 28. Mäerz 2012, 01:14 Auer GMT, d'Äerd ëmkreest. Dunn ass de Satellit an d'Äerdatmosphär agetratt an dierft vollstänneg vergloust sinn. D'Ofstuerzkoordinate sinn 16.8° S/73.2° W.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Explorer 8 – Biller, Videoen oder Audiodateien |