Op den Inhalt sprangen

Explorer 4

Vu Wikipedia
Explorer 4
De Fuerschungssatellit Explorer 4
TypFuerschungssatellit
Land USA
AgenturArmy Ballistic Missile Agency
WierkJet Propulsion Laboratory
Apogeum2213 km
Perigeum263 km
Bunnschréi50,3°
Mass25é5 kg
Bunn-Ëmlafzäit110,2 min
Exzentrizitéit0.1279
Start26. Juli 1958
StartplazCape Canaveral
DrorakéitJuno I
Statuswar 454 Deeg a Betrib, ass dono vergloust

Den Explorer 4 war e Satellit vum Explorer-Programm vun der NASA. E gouf de 26. Juli 1958 mat enger Juno I-Rakéit an eng Ëmlafbunn transportéiert. D'Aarbechtsgrupp ëm den James Van Allen hat de Satellit mat Moossinstrumenter gefëllt, déi detailléiert Miessunge vu geluedenen Deelercher (Protonen an Elektronen) am Magnéitfeld vun der Äerd erméiglecht hunn. D'Defense Advanced Research Projects Agency (DARPA) vum amerikaneschen Arméisministère huet de Satellit fir d'Erfuersche vun der Van-Allen-Ceinture an d'Auswierkunge vun Nuklearexplosiounen op d'Ceinture souwéi och op d'Magnéitosphär vun der Äerd benotzt. D'Telemetrie vum Satellit huet déi dräi Atombommentester vun der Operatioun Argus analyséiert.[1] D'Missioun gouf sechs Méint laang virun der Ëffentlechkeet geheim gehalen.

D'Interpretatioun vun den Date gouf wéinst onerwaartem Trëndele vum Satellit erschwéiert. Déi Lescht Signaler goufen de 5. Oktober 1958 gesent. No 454 Deeg am Orbit ass den Explorer 4 den 23. Oktober 1959 an der Äerdatmosphär vergloust.

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Informationen zum Charged Particle Detector-Experiment Archivéiert den 08.08.2014. Gekuckt den 09.10.2016.