Wide Field Infrared Explorer
Wide Field Infrared Explorer | |
---|---|
Typ | Weltraumteleskop |
Land | USA |
Agentur | NASA |
COSPAR-Bezeechnung | 1999-011A |
Apogeum | 582 km |
Perigeum | 537 km |
Bunnschréi | 97,5° |
Mass | 250 kg |
Bunn-Ëmlafzäit | |
Exzentrizitéit | |
Start | 5. Mäerz 1999 02:56 UTC |
Startplaz | Vandenberg AFB / Point Arguello WADZ |
Drorakéit | Pegasus XL F26/M-22 |
Status | vergloust den 10. Mee 2011 |
De Wide Field Infrared Explorer (WIRE), oder Explorer 75, war en Weltraum-Infraroutteleskop vun der NASA dee wéinst technesche Problemer versot hat.
De WIRE hat en 30-cm-Teleskop, dee mat festem Waasserstoff op ënner 14 Kelvin gekillt war. E weidert wëssenschaftlecht Instrument war eng Kamera fir Wellelängte vun 12 an 25 µm. De WIRE sollt ënner anerem zéngdausend Infraroutgalaxië mat héijer Routverrécklung entdecken an domat fir d'Verstoe bei der Entwécklung vu Galaxië bäidroen.
De Start vum Drofliger L-1011 war op der Vandenberg Air Force Base. An der Point Arguello Western Air Drop Zon iwwer dem Pazifik gouf d'Pegasus-Rakéit ofgeworf, déi de WIRE erfollegräich op eng niddreg Äerdëmlafbunn bruecht huet. Well d'Instrumentofdeckung ze fréi ogesprengt gouf, war de Satellit zäitweis ausser Kontroll an hat schonn no puer Deeg d'Killmëttel verbraucht. De WIRE konnt doduerch seng Aufgab net erfëllen.
Mam Stäresensor deen eigentlech nëmme fir d'Noféierung vum Teleskop virgesi war goufen en et trotzdeem Resultater. Mat der Sich no klengen Hellegkeetsschwankunge bei laangen Observatioune vu Stären, konnten no de Methode vun der Asteroseismologie d'Strukturparametere vun deene Stäre bestëmmt ginn.
De WIRE ass den 10. Mee 2011 an der Äerdatmosphär vergloust.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) WIRE-Websäit