Small Astronomy Satellite 2

Vu Wikipedia
SAS-2
De Weltraumteleskop SAS-2
Typ Weltraumteleskop
Land USA
Agentur NASA
Apogeum 632 km
Perigeum 443 km
Bunnschréi 1,9°
Mass 166 kg
Gréisst 59 cm Duerchmiesser, 135 cm Héicht
Bunn-Ëmlafzäit 95,4 min[1]
Start 15. November 1972
Startplaz San-Marco-Plattform
Drorakéit Scout D-1-F S170CR
Status vergloust den 20. August 1980

De Small Astronomy Satellite 2 (SAS-2), e Projet vun der NASA, war ee vun den éischte Weltraumteleskope fir den Nowäis vun der kosmescher Gammastralung.

Den SAS-2 (och als SAS-B an Explorer 48 bekannt) gouf de 15. November 1972 mat enger Scout-Rakéit vun der San-Marco-Plattform aus an eng niddreg equatorial Äerdëmlafbunn bruecht. Den 19. November 1972 gouf de Betrib opgeholl an d'Missioun war den 8. Juni 1973 duerch e Problem mat der Stroumversuergung vum Satellit ofgeschloss.

Eenzegt Instrument war eng Fonkekummer fir den Energieberäich 20 MeV - 1 GeV. Bei 27 Observatioune vu jee ongeféier enger Woch goufe 55 % vum Himmel, dorënner bal dee ganze Plang vun der Mëllechstrooss, observéiert. Den SAS-2 krut domat en Iwwerbléck iwwer eenzel Gammaquellen um Himmel an iwwer déi diffus Gammaemissioun an hir Verbindung mat anere Strukture vun der Mëllechstrooss. En hat och d'Quell Geminga entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bunndaten no NSSDC