Energetic Particles Explorer
Den Energetic Particles Explorer (EPE, ufanks och S-3) war eng Serie vu véier Fuerschungssatellitten am Explorer-Programm vun der NASA. Si hu gelueden Deelercher am Äerdmagnéitfeld an am Sonnewand ënnersicht.
Fir d'Ënnersich vun der Stralenceinture z'erméigleche goufen d'Satellitte vun der Cape Canaveral Air Force Station mat Delta-Rakéiten an déi héichelliptesch Ëmlafbunne bruecht.
Den Explorer 15 huet speziell déi beim Starfish-Prime-Kärwaffentest, entstane kënschtlech Stralungsceinture erfuerscht.
Opbau
[änneren | Quelltext änneren]D'Satellittestruktur hat d'Form vun engem oktogonale Prisma, deen op der ënneschter Säit mat engem koneschen Adapter zu der Drorakéit hin ofgeschloss huet. Véier wandmillenaarteg installéiert Solarzellenausleeër goufen nom Start ausgefaalt an hu fir d'Energie gesuergt. Op der ieweschter Säit war op engem Mast e Magnéitometer fixéiert.
D'Satellitte vun der EPE-Serie ware spinstabiliséiert.
Instrumenter am Satellit waren: Magnéitometer souwéi verschidde Protonen-, Elektronen- a Plasma-Detekteren.
Missiounen
[änneren | Quelltext änneren]Explorer | Numm | Datum | Startrakéit | Startplaz | Apogeum | Perigeum | Inklinatioun | Mass | Bemierkung |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Explorer 12 | EPE-A | 16. August 1961 | Delta | Cape Canaveral AFS | 314 km | 77.310 km | 33,10° | 38 kg | Huet bis de 6. Dezember 1961 geschafft |
Explorer 14 | EPE-B | 2. Oktober 1961 | Delta-A | Cape Canaveral AFS | 281 km | 98.530 km | 32,95° | 40 kg | Huet bis den 11. August 1963 geschafft |
Explorer 15 | EPE-C | 27. Oktober 1962 | Delta-A | Cape Canaveral AFS | 313 km | 17.640 km | 18,02° | 45 kg | |
Explorer 26 | EPE-D | 21. Dezember 1964 | Delta-C | Cape Canaveral AFS | 316 km | 26.191 km | 20,14° | 46 kg | Huet bis de 26. Mee 1967 geschafft |