Wandmillen

Vu Wikipedia
Wandmillen zu Campo de Criptana (La Mancha, Spuenien).

Eng Wandmillen ass eng Maschinn déi, mat engem duerch Wandenergie ugedriwwene Mechanissem, Aarbecht maache kann. Et ass am Fong eng speziell Applikatioun vun engem Wandmotor.

Klassesch Wandmille mat de grousse Flilleke fënnt een haaptsächlech am flaache Land. Si waren, ier d'Dampmaschinn erfonnt gouf, mat de Waassermillen déi eenzeg Kraaftmaschinnen op der Welt. Wandmille si fir vill Aarbechten agesat ginn, ënner anerem als Pompelstatioun an de Polderen an Holland.

De Bau ëm d'Mille selwer gëtt och Wandmille genannt.

Zu Lëtzebuerg ware just 3 Wandmille bekannt, déi vun Nidderwolz, d'Wandmillen an der Stad op der Areler Strooss an déi vun Dippech (ofgerappt).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wandmillen – Biller, Videoen oder Audiodateien